Bommeleeër: awer militäreschen Hannergrond beim Attentat op d'Kasematten?

Huet d’Attentat de 5. Juli 1985 awer villäicht e militäreschen Hannergrond gehat? Déi Fro kann een sech stelle, wann ee weess, dass duerch d’Attentat méiglecherweis eng international Übung am Schlass zu Senneng perturbéiert gouf.

Bis elo sinn d’Enquêteuren an och d’Uklo am Bommeleeërprozess dovun ausgaang, dass d’Attentat de 5. Juli 1985 op d’Kasematten um Helleggeeschtplateau e sougenanntent propagandistescht Motiv sollt gehat hunn. D’Attentat wor opwenneg an hätt, wann et reusséiert wier, eng Zort “Son et Lumiere” iwwert dem Péitrussdall gemaacht. Duerch d’Masuttsbidonen wier Damp aus alle méigleche Kasemattelächer erauskomm, mat Flamen, an esou weider, sou d’Theorie bis elo am Bommeleeërprozess. Den eigentleche materielle Schued huet sech a Grenz gehalen, et goufen Tëlefonskabele beschiedegt oder zerstéiert.En Héichfrequenzkabel fir den internationale Verkéier, en Äerdkabel vu Lëtzebuerg op Fëlschdref, en Äerdkabel vu Lëtzebuerg op Metz an e Coax-Kabel, deen d’Geheimdéngschtzentral um Helleggeescht mat enger Kamera bei der sowjetescher Ambassade zu Beggen verbonnen huet.

Laut Informatiounen, déi dem radio 100,7 zougedroe goufen, léich awer grad an deem internationalen Héichfrequenzkabel e méiglecht militärescht Motiv vum Attentat. Den Owend vum Attentat hätt nämlech de Groupe d’Alerte vum Centre National d’Alerte am Schlass zu Senneng eng international Übung gehat, an duerch d’Attentat wieren d’Telekommunikatiounsverbindunge mat den Übungspartner an Däitschland an an der Belsch ënnerbrach ginn.

De Centre National d’Alerte am Schlass zu Senneng gouf duerch d’Gesetz vun 1960 iwwert d’Protection Civile gegrënnt, an huet d’Aufgab am Fall vun engem Konflikt, d’Populatioun an d’Autoritéiten iwwert all Loftattack, radioaktiv, chemesch a biochemesch Tëschefäll ze warnen. De Centre National d’Alerte gëtt vun engem Groupe d’Alerte assuréiert, deen sech laut Internetsite vun der Administration des Services de Secours aus engem Chef an engen 30 Agents-Operateurs zesummesetze. D’Membere mussen als Fonctionnairen oder Employée beim Staat schaffe, mat Ausnahm vun der Arméi. En Deel vum Groupe forméiert haut de Groupe Cattenom, zu den Aufgabe gehéiert awer och haut nach d’Sammele vun Informatiounen am Fall vu militäresche Konflikter a vu Krisen am allgemengen. Fir hir Missioune sinn d’Membere vum Groupe d’Alerte am Kontakt mat den Zentre vun der Protection Civile, mam 112 do, mat der NATO, der Arméi a mat der Police.

De Bäitrag vum Jean-Claude Wolff fir no ze lauschteren :

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen