Bodry: Referendumsfro iwwert Finanzéierung vu Geeschtleche kéint ënner Ëmstänn ewech falen
Wann et en Accord tëscht der Regierung an de Glawensgemeinschafte gëtt fir eng Reform vum Finanzement vun de Culten, da kéint déi entspriechend Fro am Verfassungsreferendum fale gelooss ginn, sou den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry an eisem Owespanorama. Viraussetzung wier, datt et an der Chamber déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit fir dës Verfassungs-Ännerung gëtt – dat heescht d’CSV misst hier Positioun änneren.
Virun enger Woch hat den Alex Bodry an engem RTL-Interview nach vun enger méiglecher Ëmformuléierung geschwat, mee ausgeschloss, dass déi Fro gestrach gëtt.
Wéint der Kritik vum Staatsrot un den deels onpräzise Referendumsfroen, wéilt d’Chamber eenzel, reng kosmetesch, Ännerungen un de Formulatioune maachen. Um Fong vun de Froen soll sech awer näischt änneren, sou den Alex Bodry.
Den LSAP-Fraktiounschef am Interview mam Pia Oppel: