Bodry (LSAP): nei Verfassung réischt 2017

D'Aarbechten iwwert eng nei Verfassung sinn an der zoustänneger Chamberkommissioun ofgeschloss. Dat sot ons de President vun der Chamber Institutiounskommissioun Alex Bodry. D'Kommissioun huet de Moien d'entspriechend proposition de révision ugeholl. Den LSAP-Fraktiounschef seet hie géing sech elo op d'Diskussioune mat der Ëffentlechkeet an de nächste Méint freeën.

Nächst Etappe ass elo de consultative Referendum de 7. Juni, mat den 3 Froen iwwert d'Auslännerwahlrecht ënner bestëmmte Konditiounen, iwwert d'Wahlrecht vu 16 Joer un, an iwwert d'Limite vun 2 Mandater fir Ministeren.

Den Alex Bodry geet dovunner aus, datt d'Chamber réischt 2017 eng éischte Kéier iwwert déi nei Verfassung kann ofstëmmen, ier d'Bierger an engem zweete Referendum "Jo" oder "Nee" wäerte soen. Den definitive Referendum kéint gläichzäiteg wéi d'Gemengewahlen am Oktober 2017 organiséiert ginn.

Déi nei Verfassung ersetzt déi vun 1868, mam Zil d'Grondgesetz ze moderniséieren.

De Bäitrag vum Carole Schimmer:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen