Kathoulesch Kierch Bleift d'Kierch am Duerf?
Nächst Etapp nom Accord vun Ufank 2015 fir eng méi grouss Trennung tëscht der kathoulescher Kierch an dem Staat: d'Kierchefabricke ginn ofgeschaaft. D'Kritik um Gesetzprojet ass grouss.
Déi 285 lokal Kierchefabricken, déi d'Immobilie vun de Kierche geréieren, sollen Enn des Joers ofgeschaaft ginn. Hir Avoire fléissen dann an ee Spezialfong, deen ënnert der Tutelle vum Bistum steet, an deen de Statut vun enger Fondatioun kritt.
Déi wichtegst Punkte vum neie Gesetzprojet:
- Bis Enn 2016 decidéieren d'Gemengen an d'Kierchefabricken, wéi eng Kierchegebaier an de Fong placéiert ginn, a wéi eng d’Gemengen behalen. De Proprietaire muss d'Maintenance vum Gebai finanzéieren.
- Wann et net zu engem Accord op lokalem Niveau kënnt, geet d'Kierchegebai automatesch un de Fong.
- Wann d'Gemeng den "Titre de Proprieté" huet, ka si d'Gebai halen oder re-affektéieren. Déi sougenannten "Dignité du Lieu" vum Gebai muss respektéiert ginn.
- D'Gemenge kënnen dem Bistum ee Kierchegebai zur Verfügung stellen, allerdéngs muss d'Kierch tëscht 1000 an 2500 Euro am Joer dofir bezuelen.
Den Daachverband vun de Kierchefabricken SYFEL wiert sech géint de Gesetzprojet. Et géif ee juristesch Schrëtt an d'A faassen, sou de Marc Linden, Vizepresident vum SYFEL. Och eng Petitioun géif net ausgeschloss ginn. An enger Ëmfro hätte sech bis elo zwee Drëttel vun de Kierchefabricke géint hir eegen Opléisung ausgedréckt.
Verstouss géint d'Gemengenautonomie?
De Gesetzesprojet wär e Verstouss géint d'Gemengenautonomie, kritiséiert de Generalvicar Leo Wagener. De Gesetzesprojet géif et de Gemenge verbidden, fräiwëlleg finanziell ze hëllefe fir Kierchegebaier z'erhalen: "Wann et ee fräi gewieltene Gemengerot gëtt, soll deen och fräi sinn, eng Subventioun z'accordéieren." Datt de Fong nom Gesetzesprojet keng Subventioune vun der Gemeng dierft unhuelen, bezeechent de Leo Wagener als diskriminatoresch. De Bistum fuerdert, datt dëse Passage aus dem Projet de Loi gestrach gëtt.
![]()
Och den CSV-Deputéierten a Mamer Buergermeeschter Gilles Roth kritiséiert, datt d'Gemengenautonomie géif beschnidde ginn, wann eng Gemeng keng Aarbechte méi un enger Kierch kéint realiséieren, déi am Fong wär. "Mir sinn der Meenung, datt dat eng reng ideologesch Approche ass, déi absolut net pragmatesch ass."
En anere Kritikpunkt vum Generalvikar Leo Wagener ass de Loyer, deen d'Kierch der Gemeng misst bezuelen. D'Kierch géif scho fir d'Energiekäschten opkommen, an domat fir den Ënnerhalt vun der Proprietéit vun der Gemeng suergen. "Dat fanne mir diskriminatoresch par Rapport zu aneren Acteuren an der Gemeng, déi Gemengen-Infrastrukture gratis kënnen notzen."
D'Relatioun SYFEL-Bistum
Zwëschent dem Daachverband vun de Kierchefabriken (SYFEL) an dem Bistum wär et zu engem Stëllstand vum Dialog komm gewiescht, well de SYFEL kategoresch géint d'Schafe vum Fong gewiescht wier. Mëttlerweil géif et awer nees en intensiven Echange ginn, sou de Leo Wagener. Et misst een en Ënnerscheed maachen, zwëschent dem Comité vum SYFEL an deenen eenzelne Memberen aus de Kiercheréit, mat deenen hien zwanglos iwwert alles kéint schwätzen.
Hien hätt e Freideg bei enger Informatiounsversammlung een immense Réckhalt bei de Leit aus de Kiercheréit gespuert, sou de Leon Wagener. "An där Versammlung, déi net einfach war, hunn d'Leit mir applaudéiert. Si hu gemengt, ech hätt nach dat Bescht erausgeschloen, wat erauszeschloe war."
D'Verhandlungsdelegatioun ënnert dem Generalvikar Wagener hätt et net einfach, seet de Marc Linden. No der Konventioun, déi mat sengem Virgänger Erny Gillen ënnerschriwwe gouf, wär et net méi vill Spillraum ginn. "Si hu probéiert aus där riseger Katastroph eppes besseres ze maachen, mee et ass nach emmer eng Katastroph."