Kierchefabricken Bistum: “Ënnerschreift d’Konventiounen”

Et géing kee Sënn maachen d'Konventiounen tëscht Kierchefabricken a Gemengen net z'ënnerschreiwen, sou de Generalvikar. Kierchegebaier kéinte virun enger Desacraliséierung geschützt ginn.

Carole Schimmer / fa

Leo Wagener
De Generalvikar Leo Wagener

Wat elo néideg wier, wier d’Proprietéits-Verhältnisser ze klären, iert d’Gesetz gestëmmt gëtt, esou de Leo Wagener. De Generalvikar seet de Bistum bräicht en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun fir ze wësse wéi vill Kierchen de Gemenge um Enn gehéieren.

Opgrond vun der “Annexe 2” am Gesetzprojet, op där d’Proprietäre vun de Kierchegebaier opgelëscht ginn, soll de Bistum eng “Annexe 3” opstellen. Dat ass eng Lëscht vun deene Kierchegebaier déi, ouni den Accord vum Bistum, net dierfen desacraliséiert ginn.

Fir 300 Kierchen a Kapelle ginn et keng eendeiteg Proprietéits-Titren. Ouni Konventioun tëscht Kierchefabricken a Gemengen, ginn déi Gebaier automatesch un de Kierchefong, mee da misst deen Transfert iwwert Notairesakte gereegelt ginn an net méi iwwert déi “Annexe 2” vum Gesetz. Dat wier eng grouss finanziell Belaaschtung fir den zukünftege Kierchefong. Déi onnéideg Käschte kéint een evitéieren, esou de Leo Wagener.

Wat d’Unzuel u Kierchegebaier ugeet, déi fir de Kult néideg wieren, sot de Leo Wagener, et géing een net an där Logik denken. De Bistum ass éischter dofir, datt d’Kierche fir de Kult sollen erhale bleiwen. Dofir wieren déi Kierchen och gebaut ginn. An de Gespréicher mat de Gemengen géing et seele Buergermeeschtere ginn, déi eppes aneschters mat engem Kierchegebai wéilte maachen.

Eng ugespaanten Atmosphär

Den Appell vum Syfel keng Konventioun mat de Gemengen z’ënnerschreiwen, ier ee Gesetz do ass, huet d’Atmosphär op verschidde Plaze méi ugespaant, esou de Generalvikar.

De Leo Wagener geet awer dovunner aus datt sech d’Gemidder an de nächsten Deeg a Wochen erëm wäerte berouegen.

Kierchefong nach net prett

D’Prioritéit fir de Bistum sinn elo d’Demarche bei de Banke fir den Transfert vun de Konte vun de Kierchefabricken ze maachen. Et wier och kloer, datt déi selwecht Leit wéi bis elo, d’Ënnerschrëfte wäerte behalen, esou de Leo Wagener. Aus deem Grond kéint een och net vun enger Expropriatioun schwätzen.

Parallel ass de Generalvikar am gaang d’Equipe zesummenzestellen, déi d’Statute vum zukünftege Kierchefong sollen ausschaffen. De Kierchefong soll an Zukunft zoustänneg si fir den Entretien vun de Kierchegebaier ze finanzéieren.

De Leo Wagener am Interview mam Carole Schimmer

Méi zum Thema

20150704-Wagener-5107-1024x682.jpg

D’Kierch muss léieren, datt et net duer geet fir bei enger äusserer Praxis ze bleiwen, de Gleewege muss haut zu sengem Glawe stoen, och no baussen hin, esou de Generalvikar Leo Wagener an der Emissioun Riicht Eraus. Perséinlech kann sech de Generalvikar Leo Wagner eng Ouverture virstelle beim Zölibat a beim Priesteramt fir Fraen.

D’Regierung a Vertrieder vum Bistum sinn sech mëndlech Eens ginn iwwert d’Relatioun tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch. En Accord deen awer nach schrëftlech ze formaliséiere bleift

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen