Omikron-Well Bis elo huet nach keng Educatiounsstruktur wéinst Omikron missten zoumaachen.

Déi vill Covid-Infektioune stellen net just d'Schoulen, mee och d'Crèchen an d'Maisons Relaisë viru grouss organisatoresch Erausfuerderungen. Bis ewell hätt keng Struktur wéinst Personalmanktem komplett missen zoumaachen, heescht et op Nofro hinn am Educatiounsministère. D'Regierung hätt decidéiert, fir den Träger eng méi grouss Flexibilitéit bei der Personalgestioun ze ginn, erkläert de Premier Conseiller am Educatiounsministère, Lex Folscheid.

Pia Oppel / cz

Inclusioun a Maison Relais
Foto: picture alliance / zb

Dofir hätt ee sech am leschte Regierungsrot Méiglechkeet ginn, fir an de Crèchen an an de Maison Relaisen- zäitlech begrenzt - zousätzlecht Personal anzestellen. "A mir hunn och fir eng zäitlech begrenzte Period bei de Qualifikatiounen Derogatiounen ze huelen. Dat heescht, och eng Kéier an de Qualifikatiounsniveauxe méi niddreg ze rekrutéieren, fir an dëser akuter Phase d'Situatioun an de Grëff ze kréien."

Den héije Beamten aus dem Educatiounsministère betount och, datt Crèchen a Maisons relais keng Eegen-Initiative kënnen ergräifen, a Kanner nees Heem schécken, déi zum Beispill Kontakt mat enger positiver Persoun haten. Iwwer Quarantainë géif d'Santé entscheeden.

D'selwecht wier et net un de Schoule fir op eegen Initiativ z'entscheeden, punktuell an den Homeschooling ze wiesselen. Wann et vill positiv Fäll an enger Klass géif ginn, soll een esou eng Decisioun mam Educatiounsministère ofklären.

Méi zum Thema

Mask an der Schoul
Omikron

Wéinst der Omikron-Well huet den Educatiounsministère elo déi sanitär Moossnamen adaptéiert déi ee soll bei positive Covid Fäll an enger Klass asetzen. Ännerunge ginn et och bei de Schnelltester an der Schoul.

Claude Meisch
Regierungsrot

An de Schoule gëtt de Rhytmus vun de Schnelltester eropgesat. Dat gouf haut am Regierungsrot decidéiert ginn, esou den Educatiounsminister. D'Regierung reagéiert domat op d'Hausse vun den Infektiounszuelen an de Schoulen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen