Vereenten Natiounen Biodiversitéit: Investissementer musse verduebelt ginn

De Réckgang vun der Biodiversitéit kann nëmme gestoppt ginn, wa sech d'Investissementer an d'Erhale vun den Ökosystemer bis 2025 verduebelen. Zu dem Constat kënnt den "UN State of Finance for Nature"-Rapport, den och vun der Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt ginn ass. Virun allem de private Secteur misst vill méi Suen an d'Erhalung vun der Biodiversitéit stiechen.

Jo Diseviscourt / cbi

Parque natural de Collserola zu Barcelona
Symbolbild. Foto: Unsplash / Manuel Torres Garcia

Lauschteren


Momentan wieren d'Investissementer a Produiten a Projeten, déi der Natur schiedegen, dräi bis siwe mol méi héich wéi dat fir naturbaséiert Léisungen de Fall wier.

Ënner dem Begrëff naturbaséiert Léisunge versteet een d'Protektioun, d'Restauréierung an d'Erhale vun natierlechen Ökosystemer. Dem UN sengem "State of Finance for Nature"-Rapport no missten déi Beräicher vill méi gefërdert ginn, fir datt ënnert anerem d'1,5-Grad-Zil nach erreecht ka ginn. Sou missten d'CO2-Emissiounen dréngend reduzéiert ginn, a méi Wäert op nohalteg Consommatioun geluecht ginn.

Investissementer mussen op 380 Milliounen US-Dollar klammen

Mee déi Transitioun funktionéiert just, wann och genuch Suen investéiert ginn, heescht et am Rapport. Momentan gi ronn 150 Milliounen US-Dollar pro Joer an naturbaséiert Léisungen investéiert. Déi Ausgabe missten dem Rapport no an den nächsten dräi Joer awer op ronn 380 Milliounen US-Dollar klammen, fir datt d'Biodiversitéit erhale ka ginn.

Aktuell ginn all dës Investissementer zu iwwer Dräivéierel vun de Regierung gemaach. De private Secteur misst säin Undeel däitlech steigeren, sou nach de Rapport. Ausserdeem ginn et eng Rei konkret Beräicher, fir déi nach net genuch gemaach géif ginn.

Sou géife just siwe Prozent vun den Investissementer an d'Protektioun vun eisen Ozeaner goen, déi géifen awer 70 Prozent vun der Äerduewerfläch duerstellen, an ronn ee Véierel vun allen CO2-Emissiounen absorbéieren.

Den Inger Anderson, Direkter vum UN-Ëmweltprogramm, weist dorop hin, datt et net just d'Erhale vun der Natur um Spill steet, mee em d'Erhale vun der Zukunft fir kommend Generatiounen. An enger Woch fänkt zu Montreal d'UN-Biodiversitéitskonferenz un. D'Zil vum UN-Ëmweltprogramm ass, d'Länner dozou ze bréngen, hir finanziell Mëttel méi op Nohaltegkeet auszeriichten.

Méi zum Thema

KOOD Oktober 2022
Kaarten op den Dësch

Zwee Deeg virum État de la nation gëtt iwwer den Zoustand vun der Natur hei am Land diskutéiert: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen