Bettel: "Steierzueler musse selwecht behandelt ginn"
D’Regierung ass der Meenung, datt all d’Steierzueler sollen d’selwecht behandelt ginn. Dat war op Nofro hinn d’Explikatioun vum Premier Xavier Bettel, firwat d’Regierung keng forfaitär Besteierung méi wëll accordéieren, fir Privatpersounen déi am Grand-Duché hire Steierdomicile etabléieren. De Budgetsprojet fir d’nächst Joer gesäit d’Sträiche vum entspriechenden Artikel am Gesetz iwwer d’Akommessteier fir.
Eisen Informatiounen no, gouf des Dispositioun op d'mannst nach bis Enn de 90er Jore benotzt. Woubäi nach 2004 no enger prinzipieller Diskussioun am Regierungsrot decidéiert gouf, d’Gesetz net ze änneren. De Xavier Bettel huet (grad wéi de Finanzministère) vun Ugangs de 90er Jore geschwat, hie wéisst awer näischt Genaues doriwwer bis wéini den Artikel 9 applizéiert gouf:
Et dierft een och net vu “Rulingen” fir Privatpersoune schwätzen: Anticipéiert Decisioune fir Entreprisë géife vun der Verwaltung kommen an op der Legislatioun berouen, während déi forfaitär Besteierung fir Privatpersoune vum Finanzminister no Deliberatioun am Regierungsrot kéint fixéiert ginn: