Bettel: "Sinn elo nach 3 an en halleft Joer Premier"

bettel.jpg

Zu den Demissiounsfuerderungen, déi an de Reie vun der CSV haart ginn, seet de Premier Xavier Bettel, de Referendum wier keng Ofstëmmung iwwer d’Regierung gewiescht, mee iwwer dräi Verfassungsfroen. “Ech sinn elo elo nach vir dräi an en halleft Joer Premier, sou de Xavier Bettel. A sou laang  hien Regierungschef ass, wier d’Fro vum Auslännerwahlrecht sécher vum Dësch: "D'Leit hunn Neen gesot".

Lëtzebuerg hätt keng Traditioun fir Referendum ze maachen. Hie wier awer frou doriwwer, dass d’Regierung dëse Referendum organiséiert huet an dass d'Leit sech sou massiv un der Diskussioun bedeelegt hunn. All Proposë fir 2017 beim verbindleche Referendum iwwer déi ganz Verfassungsreform eng besser Campagne ze maachen, wiere wëllkomm. Spezialiste géifen jo ë.a. Biergerforume proposéieren. Et misst een elo awer als éischt eng Analyse vun dëser Campagne maachen, sou de Premier.

Zu sengem perséinlechem Gefill no dësem Referendum, sot de Xavier Bettel: "Wann ech géif soen, dass ech net enttäuscht sinn, misst ech léien."

Den Interview vum Rick Mertens mam Xavier Bettel:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen