Lag vun der Europaëscher Unioun "Bëssen eppes fir jiddereen"

Manner dramatesch a méi positiv wéi d'lescht Joer ass de Jean-Claude Juncker virum Europäesche Parlament opgetrueden. Vill Neies huet den EU-Komissiounspresident a senger Ried zur Lag vun der Europaëscher Unioun awer net proposéiert. Eng Analys.

Danièle Weber (Stroossbuerg) / ys

Analys J-C Juncker virum Parlament
De Jean-Claude Juncker virum europäesche Parlament (Foto: EP / Christian CREUTZ)

Dem Jean-Claude Juncker seng Ried war vill manner kämpferesch, wéi verschidde Leit sech dat erwaart haten. D'Strategie war eng aner, wéi bei der Ried vum leschte Joer. Hien huet sech vill méi virsiichteg ausgedréckt. Zejoert sot hien zum Beispill, d'EU wier an engem schlechten Zoustand. Dëst Joer huet et geheescht, d'EU wier net an Toppform. Dat kléngt manner dramatesch.

Bekennung zum Nationalstaat

Zejoert huet de Jean-Claude Juncker sech beklot, d'Unioun bräicht méi Unioun a méi Europa. Hien huet direkt d'Memberlänner kritiséiert. Dat war dëst Joer guer net de Fall. Amplaz dovun huet hien de Memberlänner gesot: Ouni iech geet et net. Wuertwiertlech sot hien, d'Komissioun wéilt d'Nationalstaaten net platt walzen. Hien huet sech zum Nationalstaat bekannt, wéi am Fong soss seelen.

E groussen Ënnerscheed zum leschte Joer war, datt de Sujet Migratioun manner Plaz ageholl hat. Dat waren dës Kéier just dräi Minutte vu senger Ried.

Net vill Neies

Dem EU-Komissiounspräsident seng Deklaratioun soll déi grouss Linne fir déi nächst Jore festleeën. Hie wollt dëst Joer net kritiséieren, mee eng positiv Agenda vu konkrete Aktiounen no vir stellen. Vill Neies war allerdéngs net dran. Et huet e bëssen un d'Rieden zur Lag vun der Natioun vum fréiere Lëtzebuerger Premier erënnert, mat bëssen eppes fir jiddereen:

  • Den Investmentplang, och Juncker-Plang genannt, soll verduebelt ginn. Souwuel an der Zäit, wéi och am Volume. Allerdéngs huet de Jean-Claude net spezifiéiert, wéi eng Kritèren datt sollen applizéiert ginn. Et gouf jo kritiséiert, datt d'Suen an déi falsch Projete gestach géife ginn. An sou eng nämlech, déi souwisou géife realiséiert ginn.
  • De Komissiounspresident huet och annoncéiert, datt e Fong fir Afrika soll geschaf ginn. Allerdéngs ouni ze soen, wéi déi Sue sollen zesumme kommen. Dat ass e Problem wann ee weess, datt am Ablack Fonge fir Afrika vun de Memberlänner bei Wäitem net genuch gefiddert ginn.
  • Am konkretsten ass d'Annonce vun engem Quartier général um militäresche Plang. Do muss nach genee definéiert ginn, op wéi engem Plang genee zesumme geschafft gëtt, a wéi dat soll ëmgesat ginn.

Reaktioune positiv awer net euphoresch

D'Reaktioune ware gréisstendeels positiv, awer ouni grouss Begeeschterung. Et gouf Standing Ovations, awer an engem übleche Mooss. D'Vertrieder vun der grousser Koalitioun hunn d'Ried begréisst. De Jean-Claude Juncker hätt ee credibele Programm presentéiert sot de Chef vun de Sozialisten, den Gianni Pittella. Kritik koum vun der Gauche an der Extrème Droite, wéi dat z'erwaarde war.

D'Reaktiounen zu Stroossbuerg sinn am Fong och manner wichteg, wéi déi an den europäeschen Haaptstied. Et nämlech dorop un, a wéi engem Mooss d'Mesuren, déi zu Bréissel proposéiert ginn, an de Memberstaate positiv opgeholl an dann och ëmgesat ginn.

Analys vum Danièle Weber zu Stroossbuerg

Méi zum Thema

Jean-Claude Juncker zur Lag vun der Europäescher Unioun
Lag vun der Europäescher Unioun

An der EU ginn et de Moment grouss Erausfuerderungen. Wat sinn d'Äntwerte vum EU-Kommissiounspresident? Dat huet de Jean-Claude Juncker am Europaparlament an der Ried zur Lag vun der Unioun verroden.

Jean-Claude Juncker
Lag vun der Europäescher Unioun

De Jean-Claude Juncker hält dëse Mëttwoch seng Ried iwwer d'Lag vun der EU. D'Erwaardunge si grouss an enger Zäit, an där d'Unioun déif an der Kris stécht. Wat kann de Kommissiouns-President duerch eng Ried beweegen?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen