D'Zuel vun den indemniséierte Chômeure wier zanter de nonzeger Joren net méi esou laang um Stéck erof gaangen, seet d'Isabelle Schlesser. De Choix vun der Regierung fir d'Dotatioun am Budget 2017 ëm 75 Milliounen ze kierze wier dofir logesch. "Wann d'Zuel vun den indemniséierte Chômeuren erofgeet, sou wéi dat de Moment ass, dann ass et logesch, datt een dofir manner Sue brauch", esou d'Direktesch vun der ADEM. De Finanzminister Pierre Gramegna hat d'lescht Woch am Kader vun der Budgetspresentatioun annoncéiert, datt déi staatlech Dotatioun vum Fonds pour l'emploi géif em 75 Milliounen Euro erofgoen.
Zwar géifen d'Suen aus dem Fonds pour l'emploi net nëmme gebraucht ginn fir Chômeuren z'indemniséieren, mee och fir verschidde Formatioune vun der ADEM ze finanzéieren. "Ech mengen awer net, datt déi Baisse et onméiglech mécht, datt mir eis Mesurë weider proaktiv ëmsetzen".
Previsioune ginn net ëmmer Realitéit
"Wat manner Leit am Chômage sinn, wat de Staat manner muss indemniséieren", hat de Finanzminister Pierre Gramegna zum Thema Beschäftegungsfong a senger Budgetsried gesot. Dat gesäit och d'Isabelle Schlesser esou. Datt de Statec Enn September "manner gutt Signaler" fir den Aarbechtsmaart festgestallt huet, géif dorun näischt änneren. "De Statec mécht seng Previsiounen op der Basis vun enger Rei Indicateuren, mee dat muss net ëmmer der Realitéit entspriechen. Heiansdo wiisst d'Konjunktur awer méi séier wéi de Statec dat virausgesäit", seet d'Isabelle Schlesser. "De Statec seet jo och net, datt de Chômage erëm ganz héich géif eropgoen. E seet, datt e sech géif stabiliséieren." Dofir kéint ee mat deem Budget schaffen, deen elo virgesi wier.
Vum Tellerwäscher bei den Hotelsdirekter
De Finanzminister Pierre Gramegna huet a senger Ried och op een Neits dorop higewisen, datt déi manner gutt ausgebilt Leit him weiderhin am meeschte Suerge maachen. Déi Suergen deelt och d'ADEM-Direktesch, och wann et eng Rei Verbesserunge ginn hätt. "Virun allem bei der jonker, onqualifizéierter Populatioun ass de Chômage staark zréckgaangen, well de Bau vill rekrutéiert huet", präziséiert d'Isabelle Schlesser.
Trotzdem géifen ëmmer nach vill Mënschen ouni Qualifikatioun eng Aarbecht sichen an dat wier och ee Problem. "Déi hunn et vill méi schwéier. Ausser dem Bau an e puer aner Secteuren gëtt et do leider net ganz vill." Wichteg wier, déi Concernéiert ganz geziilt ze begleeden. Eng intressant Debouché fir si kéint zum Beispill den Horesca-Secteur ginn, "och wann et natierlech ee Secteur ass, dee mat verschiddene Contrainte verbonnen ass."
Wichteg wier awer ze soen, datt et an deem Secteur nach méiglech wier, Carrière ze maachen. Vum Tellerwäscher bis bei den Hotelsdirekter? "Dat gëtt et!", sou d'Isabelle Schlesser. Beispiller géifen et ginn, zum Beispill een Här deen elo Luxushotelle geréiert an och Consultant fir d'ADEM ass.
Metzler an Daachdecker: Jobs mat Zukunft
Wann et ëm d'Vermëttlung geet, da geet et der ADEM-Direktesch no och ëmmer ëm Erwaardungen a Limitten. D'lescht Joer hätten 305 Léierplazen zu Lëtzebuerg net kënne besat ginn. Grad souvill Jonker hätten um Enn keng Léierplaz fonnt. De Problem: "D'Secteuren, an deene Plaze fräi sinn, stëmmen net mat deem iwwertenee, wat déi Jonk wëllen". Ënnert den Top Fënnef vun de Léierplazen, déi net besat ginn, stinn zanter Joren déiselwecht Beruffer, dorënner Metzleren an Daachdecker.
"Et si Metieren, déi déi Jonk dobausse vläicht dacks net kennen oder vun deenen si nach ee falscht Bild hunn. Mee et sinn och keng einfach Metieren, mee do ginn et awer Aarbechtsplazen". Fir hei d'Fiedem zesummenzeféieren, wier et wichteg, datt un der Orientéierung vun de Jonke geschafft géif ginn. Gläichzäiteg misst d'ADEM mam Handwierk, dem Commerce an der Industrie zesumme sensibiliséieren an de Fokus op déi Beruffer setzen, an deene Plazen disponibel sinn.
All Dag eng Millioun spueren
All Chômeur deen eng Plaz kritt ass ee Chômeur manner, an et si gespuerte Suen - esou kéint een d'Philosophie vun der ADEM-Direktesch beschreiwen. "Mir hunn d'lescht Joer 237 Milliounen Euro u Chômage-Indemnitéiten ausbezuelt. Grosso modo ginn et 230 Schaffdeeg an engem Joer. Dat heescht also, datt all Dag un deem d'Chômeuren déi bei eis ageschriwwe sinn, kee Chômage musse kréien, eng Millioun Euro gespuert ginn", esou d'Isabelle Schlesser.
Schmit: "Maache mir net allzevill Suergen"
D'Isabelle Schlesser mécht sech iwwerdeems keng Suergen iwwer de méiglechen Depart vun hirem Minister, dem Nicolas Schmit. Zwar géif een "excellent" mam LSAP-Aarbechtsminister zesummeschaffen, esou d'ADEM-Direktesch. Si geet awer dovun aus, datt d'ADEM hir Strategie och mat engem neie Minister kéint weiderféieren. "Mir wäerten natierlech verschidde Saache mussen undiskutéieren, mee ech maache mir do net allzevill Suergen".
Och elo scho wier de Kontakt mat der ganzer Regierung wichteg am Kampf géint de Chômage, dat wier nämlech een transversalen Dossier. Si fënnt et op Nofro hin och net problematesch fannen, aktuell mat engem Minister ze schaffen, deen dorun denkt fir sech aus der Regierung zréckzezéien.
Zanter Juli ass d'ADEM-Direktesch och Member vum Staatsrot. Nodeems d'ADR keng Fra konnt virschloen, hat d'Regierung si proposéiert. "Et war eng Iwwerraschung fir mech, an natierlech eng grouss Éier", seet d'Isabelle Schlesser, déi vun enger intressanter Funktioun schwätzt. Déi zwee Mandater ënnert een Hutt ze kréie wier eng Fro vun Organisatioun. Datt d'ADEM-Direktioun aus dräi Leit besteet, géif awer villes méi einfach maachen.