Bâtonnier: Beim Verhéier steet een ënner Stress, d’Präsenz vum Affekot ass wichteg

Dem Bâtonnier Rosario Grasso no insistéieren d’Strofrechtler schonn zënter Joeren, datt d’Präsenz vun engem Affekot muss garantéiert ginn all Kéiers wann eng Persoun vun der Police oder engem Untersuchungsriichter gehéiert gëtt.

D’Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht huet Lëtzebuerg d’lescht Woch an engem Fall veruerteelt, an deem den Ugekloten aus deem Gronn kee faire Prozess konnt gemaach kréien. Fir déi Situatioun nees riicht ze béien ass zënter Dezember e Gesetzesprojet um Instanzewee, deen dräi EU-Directiven ëmsetzt. Ënnert dem Justizminister Biltgen war schonn en Aarbechtsgrupp agesat ginn, de Gesetzesprojet huet awer Verspéidung kritt, sou de Maître Grasso.

De Barreau fuerdert ënnert anerem nach e besseren Zougank op den Dossier virun engem Verhéier.

De Bäitrag vum Michel Delage:

 

Den Interview mam Maître Rosario Grasso:

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen