Barnier: Banken-Ofwécklungsmechanismus ass net a Fro gestallt

De geplangten europäesche Banken-Ofwécklungsmechanismus ass net a Fro gestallt ! Esou reageiert den EU-Kommissär fir de Bannemaart Michel Barnier am 100,7-Interview, op Affirmatiounen vun der Financial Times d’läscht Woch. D’londoner Wirtschaftszeitung hat gemellt, datt Groussbritannien verlaange géing, datt d’englesch Zentralbank an Zukunft och nach ëmmer d’Méiglechkeet behält fir Banken di Schwieregkeeten hunn ze hëllefen. Mam Banken-Ofwécklungsmechanismus soll an Zukunft awer de Steierzueler net méi fir Banke-Faillite mussen opkommen. De Michel Barnier sot no enger Entrevue mam Premier Xavier Bettel de Moien hei zu Lëtzebuerg, datt d’EU Parlament wéi geplangt muer iwwert den zweete Volet vun der Bankenunioun ofstëmmt:

 

De franséischen EU Kommissär huet donieft op Deklaratiounen vu sengem Parteikolleg a fréieren Minister fir d’europäesch Affären Laurent Wauquiez reagéiert. Dësen hat jo an engem Radio-interview verlaangt, datt Lëtzebuerg aus der EU soll ausgeschloss ginn. Fir de Michel Barnier wier déi Fuerderung Zitat “Lächerlech”

 

Aus Respekt virun de Bierger an der EU, misst den Debat iwwert d’europäesch Unioun um Niveau gefouert ginn wou en et verdéngt, esou nach den EU Kommissär Michel Barnier. An dem Laurent Wauquiez seng Aussoen iwwert Lëtzebuerg géinge net deem Niveau entspriechen.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen