Verfassungsrevisioun "D'Exceptioun däerf net zum Normalfall ginn"
Fir d'Mënscherechtsliga gesäit déi geplangte Verfassungsrevisioun iwwert den "état d'urgence" net genuch Kontrollmechanisme vir. D'Chamber hätt d'Recommandatioune vum Europarot a vun der UNO a Bezuch op den Noutstand net respektéiert, heescht et am Avis vun der Ligue des droits de l'Homme.
Kyra Fischbach, md
Fir hiren Avis auszeschaffen huet sech d'Mënscherechtsliga u Recommandatiounen orientéiert, déi viru Joren ausgeschafft gi sinn. D'Ligue kritiséiert beispillsweis, datt d'Propose fir den Artikel 32 Paragraphe 4 vun der Verfassung ze ännere keng explizit, formell Deklaratioun vum "état d'urgence" virgesäit, sou de President Claude Weber. Am aktuelle Verfassungstext an och am Revisiounsprojet "ass den 'état d'urgence' quasi ëmmer do. De 'pouvoir exécutif' kann ëmmer zu all Moment ee 'règlement d'exception' maachen", virausgesat d'Ëmstänn verlaangen et an d'Exekutiv stellt d'Urgence fest.
Des weidere wieren net genuch Kontrollmechanisme virgesinn, et misst een op all Eventualitéite virbereet sinn. An d''Verfassung sollt ee während engem "état d'urgence" net kënnen änneren. "Déi Mesure setze jo bestehend Gesetzer äusser Kraaft. et muss een dofir suergen, datt d'Exceptioun net eng Kéier zum Normalfall gëtt", sou de Claude Weber.
D'Ligue des droits de l'Homme gëtt och ze bedenken, datt d'Grondrechter an d'Fräiheeten an engem Ausnamezoustand net garantéiert wieren. Dem Claude Weber no "geet et drëm, ee Prinzip vu Proportionalitéit anzeféieren". An der proposéierter Revisioun vum "état d'urgence" kritt d'Chamber zwar eng gréisser Kontrollfunktioun. Déi geet der Mënscherechtsliga awer net duer. Schonn den "état d'urgence", sou wéi e bis elo an der Verfassung definéiert ass, géif eng Rei Lacunen opweisen. Mat der neier Propose géifen déi net behuewe ginn.

De President vun der Mënscherechtsliga Claude Weber iwwert den "état d'urgence" an der Geschicht vum Lëtzebuerger Recht:
Wat misst an der geplangter Verfassungsrevisioun anescht gemaach ginn?