FINDEL Aviapartner ass neien Handling-Agent
Vum 1. September un ass um Fluchhafen, nieft Luxair, een zweeten Handling-Agent fir Passagéierflich aktiv – déi belsch Firma Aviapartner. Et kommen eng Rei Ännerungen op de Findel zou, och fir d'Passagéier.
Zanter ugangs der leschter Woch ass et offiziell a confirméiert: De Minister François Bausch huet Lizenzen un zwou Firme verginn, déi vum nächsten 1. September un um Fluchhafe Lëtzebuerg den Handling fir Passagéiervolle maachen. Ënner dem Begrëff “ground handling” versteet een alles, wat eng Airline um Buedem vun Assistance brauch, fir ee séieren an efficacen "Turn around" beim Terminal ze garantéieren. Dat fänkt u beim “Check-in” vun de Passagéier an hirem Bagage, dann den Transport bei de Fliger, respektiv vum Fliger bis bei den Terminal, an d’Op- an Ofluede vum Gepäck, an d’Botze vun der Passagéierkabinn am Fliger.
De "ground handling" fir sämtlech Fluchgesellschaften, déi op de Findel komm sinn, gouf bis elo traditiounsgeméiss vun der Luxair assuréiert. Eng EU-Direktiv aus dem Joer 1997 schreift awer vir, datt all Fluchhafe mat engem Passagéieropkommes vun iwwer zwou Milliounen d'Joer op d’mannst zwee “Service provider” muss hunn. Dee Seuil gouf eng éischte kéier am Dezember 2013 um Findel iwwerschratt a no bal dräi Joer ass et also héich Zäit, fir déi EU-Direktiv och zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.
Wien ass Aviapartner?
Am September 2015 huet Luxairport, d’Bedreiwergesellschaft vum Fluchhafe Lëtzebuerg, eng "Demande d’offre" lancéiert. Sechs Gesellschaften hunn en Dossier agereecht, véier firme goufe fir eng Selektioun zréckbehalen, an no de Presentatiounen hunn de Nohaltegkeetsministère zesumme mat Lux-airport déi belsch Firma Aviapartner als zweeten "handling agent" designéiert.
Aviapartner ass ee groussen Acteur an deem Beräich, dat ass ee Grond dofir firwat si den Zouschlag kritt hunn. "Aviapartner ass een internationale Grupp deen op engen zéng Fluchhäfen an Europa aktiv ass. Fir eis war et wichteg, ee Partner ze fannen, dee staark ass, an deen am Fall vu Problemer Personal vun anere Plaze kéint komme loossen", seet de Johan Vanneste, Generaldirekter vu Lux-airport.
Méi déif Präisser duerch Konkurrenz
Vum 1. September un huet also all Passagéierairline, déi um Findel lant, d'Méiglechkeet, sech hiren "Handling agent” erauszesichen. "All Fluchgesellschaft wäert d'Wiel hunn tëscht Aviapartner an Luxair, d'Negociatioune lafe schonn", sou de Johan Vanneste. An d'Konkurrenz bréngt Verännerung. Elo scho géif ee gesinn, datt sech eng Rei Compagnien iwwert méi déif Präisser kéinte freeën, sou de Johann Vanneste.
Luxair kritt also Konkurrenz, an ass eegenen Ausso no drop vibereet. "Spéitstens zanter mer am neie Gebai um Fluchhafe sinn, wousste mer datt den Traffik géif eropgoen", seet de Jean Lasar, Responsabel fir d’Kommunikatioun bei der Luxair.
Luxair: "Gutt opgestallt"
Wéi bis kloer ginn ass datt déi europäesch Gesetzgebung a Saachen Handling géif änneren, huet Luxair Efforte gemaach fir sech unzepassen, "fir kompetitiv ze sinn". "Haut kënne mir soen, datt mer sécher sinn datt mir gutt opgestallt sinn an datt mir keng Konkurrenz scheien", sou de Jean Lasar.
Och fir d'Passagéier, déi um Findel ukommen, oder vun do aus fortfléien, kommen Ännerungen. Reng visueller Natur, fir d'éischt: "Déi Passagéier déi mat engem Fliger ukommen, deen den Handling vun Aviapartner kritt, wäerte Personal an Autoe mat aneren Nimm an Uniforme gesinn", sou de Johann Vanneste. An, sou de Lux-airport-Generaldirekter weider, "dës nei Konkurrenz wäert vläit och dofir suergen, datt d'Präisser vun den Ticketen erofginn".