Auslännerwahlrecht: "Et geet ëm de Prinzip, net ëm d'Zuelen"

An der Debatt iwwer d’Auslännerwahlrecht geet et ëm de Prinzip an net ëm Zuelen. Dat betoune souwuel d’Vertrieder vum "Jo", wéi och déi vum "Neen" an der Referendumscampagne. An awer huet d’Publikatioun vun neie Statec-Chiffren iwwer d’Wielerpotential beim Aféiere vum Auslännerwahlrecht des Woch eng Polemik ausgeléist. Dem Statec no géife mëttlerweil eng 105.000 Auslänner de Critère vun der Residenzdauer vun 10 Joer erfëllen, a kéinten deemno theoretesch d’Wahlrecht kréien. Domadder géifen d’Net-Lëtzebuerger ee Véirel vun der Wielerschaft ausmaachen. Mee fir dierfe bei de Chamberwahle mat ze maachen, missten des Leit awer och schonn emol bei Gemengen- an Europawahle mat ofgestëmmt hunn. Dësen zweete Critère géifen den Ament ronn 35.000 Bierger erfëllen, sou de Statec. Dat ass de Chiffer, dee bis elo an der Debatt iwwer d’Auslännerwahlrecht am heefegste genannt gouf.

D’Plattform “Migrations et Intégration” (Minté), déi sech fir de Jo asetzt, hätt falsch Zuele genannt an dat kéint een als Manipulatioun verstoen, mengt de Fred Keup, den Initiateur vun der Plattform Nee2015.lu. D’ASTI-Presidentin Laura Zuccoli weist dee Reproche wäit vu sech. De Centre d’Etude et de Formation interculturelles et sociales" (CEFIS) wier Expert an dëser Matière, an hätt de Chiffer vu 35.000 neie Wieler als realistesch Projektioun genannt. Wann méi Net-Lëtzebuerger sech géifen an d'Wielerlëschten aschreiwe wéi erwaart, wier een doriwwer natierlech frou, sou d'Laura Zuccoli. Och den LSAP-Fraktiounschef betount, d'Debatt sollt iwwer Fakten an net iwwer theoreteschen Zuele gefouert ginn. Den Alex Bodry bedauert, dass de Statec déi nei Chiffren sou kuerz virum Referendum publizéiert huet. Wann eng Demande vun de politeschen Autoritéiten oder de verschiddenen Organisatioune komm wier, hätt de Statec déi aktuell Berechnungen och éischter kënnen zur Verfügung stellen, betount sengersäits den Direkter vum Statistikamt Serge Allegrezza. Fir d'Laura Zuccoli, den Alex Bodry, de Fred Keup an och fir de CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler ass awer kloer: An der Referendumsdebatt geet et ëm de Prinzip an net ëm d'Zuelen.

Den Dossier vum Pia Oppel:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen