Auslännerwahlrecht: CSV dergéint, CSJ derfir
D’Vertrieder vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend hunn sech gëschter beim CSV-Nationalrot fir d’Aféiere vum Auslännerwahlrecht ausgeschwat. D’CSJ ass bei hirer Positioun bliwwen, datt dat aktiivt Wahlrecht fir Auslänner déi bescht Mesure wier géint den Demokratiedefizit. Am Nationalrot ware gëschter 84 Prozent vun den Delegéierten der Meenung, datt d’CSV sech beim consultative Verfassungsreferendum géint d’Auslännerwahlrecht sollt positionéieren.
Wéi d’CSJ sech an d’Referendumscampagne wéilt abréngen, wier nach net decidéiert, sou de Charel Hurt op Nofro hinn. Den CSJ-President kritiséiert, datt d’Propos vun der Regierung, fir ee Residenzwahlrecht no 10 Joer z’erméiglechen, net wäit genuch geet.
Zu den anere Referendumsfroe (iwwer d’Begrenzung vun de Ministermandater an d’Wahlrecht mat 16 Joer) huet d’CSJ nach keng definitiv Positioun. Hei wier een awer éischter dergéint, also wahrscheinlech op der Linn vun der Mammepartei, sou de Charel Hurt.
Den CSJ-President ass iwwerdeems der Meenung, datt wann et beim Referendum eng Majoritéit op enger vun dëse Froe gëtt, d’CSV dat Resultat an der Chamber beim Vote iwwer d’Verfassungsreform sollt respektéieren. Fir eng Ännerung vun der Verfassung ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit (an deemno d’Ënnerstëtzung vun der CSV) néideg.
Den Interview vum Pia Oppel mam Charel Hurt:
D'Pressekonferenz nom Nationalrot vum 9. Februar mam CSV-President Marc Spautz a mam CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler: