Auslandschronik: Kee gudde Start fir de Jean-Claude Juncker
De Jean-Claude Juncker ass gutt zwou Woche Kommissiounspresident. Zu Bréissel hat hien nee fulminante Fehlstart. Dat louch net nëmmen u senger Vergaangenheet. D'Auslandschronik vum Danièle Weber.
Seng zwee Optrëtter vrun der Bréisseler Press hätten net méi ënnerschiddlech kenne sinn. Mëttwochs no der éischter Sitzung vum Collège vun der Kommissioun: ee gutt gelaunte Kommissiounspresident, deen d’Journaliste mat där enger oder anerer Remarque ameséiert. Keen Zweiwel – do hat hien déi meescht op senger Säit. Ganz aner Ambiance den Dag dono – um Dag vun der Publikatioun vun den Donnéeën iwwert d’Lëtzebuerger Steier-Praxis am Kader vu Luxleaks. Kee Jean-Claude Juncker en Vue an ëmsou méi Froe vun de Journalisten am Presse Sall vun der Kommissioun.
Et huet eng Woch gedauert, bis den Ex Lëtzebuerger Premier sech deene Froe gestallt huet. Dat war ee Feeler, huet hien op Nofro zouginn. Allerdéngs war säi gudde Ruff, villes anescht ze maachen, dohinn. D’Erklärungen, déi en däitlech veronsécherten a vill manner witzege Kommissiounspresident zu senger Verdeedegung presentéiert huet, hunn och nach laang net jiddereen iwwerzeegt. Dat ass all Dag op der Pressekonferenz vun der Kommissioun ze spieren.
Well dat ausgerechent hien, deen 18 Joer laang Premier an nach zwee Joer méi laang Finanzminister am Grand Duché war, net, wéi hie sot, den Architekt vum Lëtzebuerger Steiermodell ass, hëlt keen him wierklech of. Domat huet den Ex-Premier och iergendwéi gerechent, an huet dowéinst dat gemaach, wat och d‘Lëtzebuerger Regierung mat méi oder manner Succès probéiert: De Fokus ewech vu Lëtzebuerg ze kréien. Seng Argumenter: Et war alles ganz legal – a mir sinn net déi eenzeg.
Ee Gléck also fir de Jean-Claude Juncker, datt hien elo net méi zu Lëtzebuerg mee zu Bréissel regéiert. A senger Kommissioun huet hie jo bei méi ewéi engem Commissaire de Bock zum Gäertner gemaach – an elo probéiert hien déi Recette bei sech selwer. Andeems hie sech fir méi Transparenz bei den Tax Rulings asetzt an eng respektiv Direktiv op de Wee brénge well. Do misst dann awer jiddereen, also all déi 28 EU-Länner matmaachen. Seet dee Mann, deem seng Regierung sou laang, bis et guer net méi goung, d‘Zënsbesteierungs-Direktive blockéiert huet.
Kee Wonner, datt dee Revirement net bei jidderengem ganz crédibel eriwwer kennt. Kee Wonner och, datt zu Brisbane um G20 net jiddereen direkt mat Begeeschterung op dem Jean-Claude Juncker seng Propose reagéiert huet. Vläicht ass hien jo awer net dee richtegen, fir dofir Reklamm ze maachen. Virun allem, well den eegenen Intérêt, sech grad elo als Verfechter vu méi Transparenz ze verkafen, allze offensichtlech ass.
Datt d’Kommissioun déi läscht Woch de Fall vu Starbucks an Holland public gemaach huet, dierft dem Lëtzebuerger Kommissiounspresident geleeë kommen. Ee Beweis méi dofir, dat Lëtzebuerg net alleng do steet. Deen eenzelne Fall weist och, wéi komplizéiert et fir Bréissel wäert ginn, den iwwer 300 Fäll an der Luxleaks-Affaire nozegoen. Wann allerdéngs nëmmen ee Brochdeel dovun op de Leescht geholl gëtt, dierft et nach dacks ongemittlech fir de Jean-Claude Juncker zu Bréissel ginn. Virun allem, wann op eemol d’Argument, et wier alles ganz legal, net méi géing zielen.