Auslandschronik Terrorismus a Waffegesetzer

No der déidlecher Schéisserei am US-Staat Kalifornien d'lescht Woch huet den US-President Barack Obama fir d’éischte Kéier vun engem Terrorugrëff geschwat. Mee a enger Ried am Wäissen Haus, déi vun allen Tëleeschaînë live iwwerdroe ginn ass, huet hien och d'Tatsaach ugeschwat datt jiddereen – och Terroristen – an den USA problemlos Waffe ka kafen, och där ganz décker. 

Philip Crowther / ckl

Kommentar white house.jpg
Am Wäissen Haus bleiwen d'Waffegesetzer en Thema, och a virun allem no San Bernardino

A senger Ried iwwert den Terrorismus huet den amerikanesche President Barack Obama net vill Neies erzielt. Et wor eng Ried iwwer Terrorismus, an doriwwer wat d’USA maache fir dogéint ze kämpfen. Dobäi geet et nach ëmmer ëm deen ale Krich géint den Terrorismus, e Krich dee mam George W. Bush als President ugefaang huet, nom 11. September 2001. Den Obama wollt ophale mat deene Kricher vu sengem Virgänger am Irak an am Afghanistan, mee de Kampf ass nach ëmmer do, en huet just evoluéiert.

An an deem Kontext huet den amerikanesche President elo no der Attack vu San Bernardino fir d’éischte Kéier des Expressioun benotzt: "So this was an act of terrorism designed to kill innocent people" – en Terrorakt, dee geduecht war fir onschëlleg Mënschen erëmzebréngen. En Terrorugrëff also, dee gréissten zënter dem 11. September, an en Ugrëff dee ganz anescht ass, wéi alles wat ee bis elo an den USA gesinn huet. Well dës Terroristen zu San Bernardino hu Waffe benotzt, déi an Amerika ganz einfach ze kréie sinn.

Waffe kafen, fir jidderee ganz einfach

E Mann, oder eng Fra, déi an Amerika wëllen e Maximum u Leit ëmbréngen, kennen ouni Problem e ganzt Arsenal u Waffe kafen. Och dowéinst huet de Barack Obama ganz séier a subtil d’Thema gewiesselt – vun Terrorismus op Waffegesetzer. Well eng Persoun déi op enger amerikanescher Terrorlëscht steet, op enger "No-Fly Lëscht", kann ouni Problem Waffe kafen an dësem Land, an zwar där ganz décker, esou wei déi déi an der Schéisserei a Kalifornien benotzt goufen.

Wei ëmmer ass et déi nämlecht onendlech Geschicht: d’Wäisst Haus an e puer Demokrate wëllen d’Waffegesetzer méi streng maachen, Republikaner, a vill hunn hiren demokratesche Kollegen och, wiere sech dogéint, gestäipt vun der NRA, d’National Rifle Association, déi grouss Lobby déi sech fir de port d’armes asetzt. Si gewannen ëmmer. Esou wor dat do der grujelecher Schéisserei an enger Spillschoul zu Newtown am Joer 2012. An esou wäert et och des Kéier sinn.

Mee des Kéier ass dach eppes Anescht: et gëtt elo vun Terror geschwat. An an Amerika ass d’Angscht virun engem neien 11. September ongeféier genausou grouss wei de Stolz zu all Zäit eng Waff kennen ze droen.

Lauschtert d'Chronik vun eisem USA-Korrespondent:

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen