Geriicht Auere-Prozess: Geriicht soll Verfassungsfro stellen

De Flavio Becca kontestéiert d'Urteel aus éischter Instanz am Auere-Prozess: zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 250.000 Euro, wéinst Abus de biens sociaux - an: wéinst Blanchiment.

Maurice Molitor / cbi

Geriicht
Foto: justice.lu (Archiv)

Lauschteren


"Auto-blanchiment détention" ass eng Infraktioun, déi et esou am Fong just zu Lëtzebuerg géif ginn, seet d'Maître Lydie Lorang.

D'Affekotin vum Flavio Becca rëselt de Kapp a gëtt dann e Beispill vun engem Urteel: rezent wier zu Dikrech een, deen illegal e Bam gehaen huet, condamnéiert gi wéinst Blanchiment, well en d'Holz gehaen hätt.

E gouf also duebel bestrooft. Et ass, wéi wann een e Vëlo klaut an da selwer drop fiert. D'Klauen ass Vol, d'Fuere Blanchiment. Béides ass strofbar.

Eng duebel Bestrofung

Am Fall Becca gouf an éischter Instanz sanktionéiert, datt hien Aueren am Coffre fort leien hat, déi en net op déi Manéier hätt dierfe kafen, wéi en et gemaach huet. An déi duebel Bestrofung wier inakzeptabel, fënnt d'Lydie Lorang:

"Et ass sans aucune nécessité eng Restriktioun vum Droit de la défense. Et ass mäi Recht, net zweemol fir dat selwecht condamnéiert ze ginn."

Verstéisst et net souguer vläicht géint d'Verfassung? Déi Fro wëllt d'Affekotin vun der Cour Constitutionelle beäntwert kréien. Si huet dofir an der Sëtzung d'Geriicht gefrot, déi Question préjudicielle ze stellen - an eisem System ka jo nëmmen eng Geriichtsinstanz d'Verfassungsgeriicht aschalten.

Dat kéint déi ganz Saach natierlech nach eemol an d'Längt zéien, mee déi Fro misst awer gestallt ginn, seet d'Lydie Lorang, "well eng Condamnatioun wéinst Blanchiment ass net näischt":

"Probéiert emol e Kont opzemaachen, wann Dir eng Condamnation pour blanchiment hutt. An hien huet 400 Leit schaffen, do muss een oppassen, wat ee mécht."

D'Cour d'Appel huet also an dëser Affär méi ze kläre wéi just d'Fro, ob d'Urteel aus éischter Instanz - zwee Joer Prisong mat Sursis an 250.000 Euro Geldstrof - soll confirméiert ginn, wéi de Parquet dat freet, oder ob de Favio Becca op der ganzer Linn soll fräigesprach ginn, wéi deem seng Affekoten et gär hätten.

Si muss och decidéieren, ob virdrun nach d'Verfassungsgeriicht ageschalt gëtt, oder net.

Méi zum Thema

Geriicht
Prozess géint Promoteur

De Flavio Becca seet d'Luxusaueren, déi hien iwwer seng Firma kaaft huet, wieren als Investissement geduecht. Hien huet zouginn, datt et e Feeler war, keng Trennung tëscht berufflechem a private Besëtz ze maachen.

De Prozess géint de Flavio Becca virun der 12. Chambre correctionelle 2
Prozess géint Flavio Becca

Iwwer d'Gesellschafte vum Grupp Becca goufen net nëmmen 842 Luxusauere kaaft, mee op d'mannst 879, grad wéi aner Luxusartikelen. Dat sot den Enquêteur vun der Kriminalpolice haut um Prozess géint de Flavio Becca.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen