Attacken op Flüchtlingsheemer: organiséiert Neonazien?

Brandattacken op Flüchtlingsheemer hunn zënter dem Ufank vum Joer an Däitschland zougeholl. De Biller vun Heemer a Flame sti Biller vun Däitsche géigeniwwer, déi Réfugiéë mat oppenen Äerm empfänken. Och wann et keng eendeiteg Beweiser gëtt: villes deit op organiséiert Forme vu Rietsextremismus hinn, mengen zwee Experten.

IMG_0614

Offiziell goufen et zënter dem Ufank vum Joer 64 Attacken op däitsch Flüchtlingsheemer oder geplangten Empfangsstrukturen. Dräi vu véier Attacken hu sech alleng op déi lescht dräi Méint konzentréiert. Nach de leschte Weekend gouf zu Friemar (Bundesland Thüringen) en Turnsall, an deem Réfugiéen ënnerbruecht waren, a Brand gestach. Doudeger goufen et bei all dësen Ugrëff bis elo keng.

Allerdéngs ginn déi wéinegst Fäll opgekläert, eng Form vun organiséierter Gewalt konnten d’Enquêteure bis elo net feststellen. Et gëtt awer duerchaus Zeechen, datt Neonazien dohannert stiechen, mengt de Fabian Virchow, een op Rietsextremismus spezialiséierte Sozialwëssenschaftler vun der Fachhochschule Düsseldorf, am 100,7-Interview. De Lien géif dora bestoen, datt “se d’Stëmmung unheizen, Flyere verdeelen, Evenementer an Demonstratiounen organiséieren, wou a Rieden zum Handelen opgeruff gëtt”.

Bei de konkrete Strofdoten, bei deenen den Täter bekannt ass, wier den Zesummenhang allerdéngs net ganz eendeiteg. Ween organiséiert ass, geet vläit méi professionell vir a gëtt deemno méi siele vun der Police erwëscht, sou de Fabian Virchow. Wéinst der relativ héijer Zuel un Attacke misst een dovun ausgoen, datt et sech net just em eng eenzeg Organisatioun handelt, déi ee kéint stoppen.

"Alldagsterrorismus", dee Verhale verännert an Angscht schaaft

“Et gëtt een duerchaus organiséierte Beräich, deen d’Infrastruktur an d’Informatioun stellt”, fënnt och de Fabian Wichmann géigeniwwer dem 100,7. De Wichmann ass Member vun der Initiative “Exit Deutschland”, déi zënter 15 Joer fréiere Neonazien hëlleft, aus der Zeen eraus ze kommen. Hie verweist op rietsextrem Parteie wéi “Der Dritte Weg”, déi - iwwer Google maps - Kaarte mat Adresse vu Flüchtlingsheemer erstellen. Dat wier en indirekten Opruff, des Strukturen opsichen ze goen.

“D’Kette vun Iwwergrëff op Ariichtunge steet an enger gewëssener terroristescher Traditioun, well et drëms geet, Verhalen ze veränneren, Angscht ze schafen”, sou de Mataarbechter vun “Exit Deutschland”. De Mann, dee Rietsextremismus vum Terrain hir kennt, schwätzt vun "Alldagsterrorismus".

D’Autoritéiten hu Gewalt vu riets laang kleng geriet

Riets Gewalt ass an der rezenter däitscher Geschicht keen neie Phänomen. Allerdéngs schéngt déi däitsch Politik den Toun géigeniwwer dem Rietsextremismus eréischt verschäerft ze hunn zënter den Terroristeréseau “Nationalsozialistescher Untergrund” (NSU) opgeflunn ass. Fir den Düsseldorfer Professer Fabian Virchow gouf dat alles laang ënnerschat.

Unhand vu ville Beispiller kéint een dokumentéieren, wéi “Gruppéierungen, déi schwéier Strofdote geplangt a spéiderhinn och duerchgefouert hunn, vu politeschen Acteuren an och de Sécherheetsautoritéiten ënnerschat an deelweis decidéiert kleng geriet gi” sinn. Dem Virchow no “muss een dovun ausgoen, datt et ähnlech Strukture (wéi den NSU) gëtt, dat heescht méi kleng Gruppen déi (Ugrëff) virbereeden, oder deelweis och scho rassistesch an antisemitesch Attacken ausgeüübt hunn”.

AUDIO

De Baitrag vum François Paquay:

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen