Politk an Europa Asselborn warnt viru Gefor vum Populismus

D'Resultat vun de Wahlen an Éisträich wier ee wichtegt Zeechen, seet den Ausseminister. Deene Rietsextremen dierft een d'Feld net iwwerloossen. Déi nächst Generatioune misste virum Nationalismus geschützt ginn.

Maxi Pesch / ys

Jean Asselborn
Jean Asselborn (Foto: Archiv)

"An Éisträich ass eng Schluecht gewonne ginn", seet de Jean Asselborn. "Dat war wichteg, nom Brexit an no de Wahlen an Amerika. Datt Mënschlechkeet an Toleranz an der Politik keng Friemwierder an der EU gi sinn." Potenziell wier d'Gefor vum Populismus awer net gebändegt, warnt den Ausseminister.

An Éisträich hätten d'Wieler d'Gefor gesinn. Déi Gefor kéint heiansdo immens "gentil" optrieden. "Mee wann et ëm d'Muecht geet, loosse si all Hemmunge falen."

"Rietsextremen d'Feld net iwwerloossen"

Datt Le Pen a Consorten eng Reform, déi an Italien net duerchkomm wier, als Victoire vum Patriotismus géife féieren, géif him "ganz schwéier op den Ticker" goen. Déi nächst Generatioune misste virun dësem latenten Nationalismus geschützt ginn. "Wann déi Evolutioun net gebremst gëtt, kann dat de Fridden an Europa a Fro stellen." Et misst een Europa-kritesch sinn, awer et dierft een net deene Rietsextremen d'Feld iwwerloossen.

Déi richteg Decisiounen, déi an Europa geholl géife ginn, missten ëmgesat ginn, sou den Ausseminister. Als Beispill nennt hien d'Migratioun, de Klimaschutz an d'Sécherheet. D'Mënsche misste gesinn, datt an Europa net nëmme géif diskutéiert ginn, mee datt sech och fir Interête vun de Leit géif agesat ginn.

"Referendum keng Defaite fir EU"

Nom Referendum an Italien wier et falsch, vun enger Defaite fir d'Europäesch Unioun ze schwätzen, sou de Jean Asselborn. "Dat ass een demokrateschen, inner-Italienesche Prozess." Dat Wichtegst wier elo, datt an där drëttgréisster Ekonomie an der EU séier nees eng Regierung géif op d'Bee kommen.

De System vun den zwou Kummeren an Italien hätt sech selwer blockéiert an déi legislativ Prozedur wier immens schwiereg. De Matteo Renzi hätt d'Iddi gehat, fir Erliichterungen ze bréngen. D'Angscht am Land wier ze grouss gewiescht, datt d'Muecht sech vum Parlament op de Premierminister géif verlageren, erkläert de Lëtzebuerger Ausseminister.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Trump
USA

Den Donald Trump mécht weiderhin, wat hie well. No senger iwwerraschender Victoire huet sech wéineg verännert an et schéngt, wéi wann de Republikaner nach ëmmer am Wahlkampf wier.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen