Asselborn: Ophuele vu Leit aus Syrien ass “contrôlable”

“Mir däerfen eis beim Ophuele vu Réfugiéen aus Syrien net aschränke loossen, aus Angscht datt ënnert de Réfugiéen Djihadsite vum “Islamesche Staat” kéinte gemëscht ginn”. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn de Mëtten hei um Kierchbierg wou hie Revendikatioune vun 8 ONG’en an Demonstranten a Saache “Flüchtlingspolitik” iwwerreecht krut. De Jean Asselborn ass der Meenung, datt d’Ophuele vu Leit aus Syrien “contrôlable” ass, ënnert anerem duerch d’Zesummenaarbecht vun den zoustännege Servicer, dorënner de SREL. Wann een nämlech elo géing refuséiere Flüchtlingen opzehuelen, géing een den Djihadiste grad dat gi wat déi wéilten, esou den Ausseminister.

De Jean Asselborn huet dann och matgedeelt, datt Lëtzebuerg elo sou séier wéi méiglech den zweete Grupp vu syresche Flüchtlinge géing ophuelen. Et géing versicht ginn iwwert d’Tierkei déi 32 Syrier op Lëtzebuerg kommen ze loossen.

Dem Ausseminister säi ganze Statement haut virun den Demonstranten um Kierchbierg:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen