"Artuso-Rapport" iwwer Kollaboratioun am Zweete Weltkrich
Déi Lëtzebuerger Administratiounen hu sech an den éischte Méint vun der Nazi-Okkupatioun am Zweete Weltkrich un der Juddeverfolgung bedeelegt. Dat ass d’Conclusioun vum sougenannten "Artuso-Rapport", deen haut publizéiert gëtt. De Rapport gouf am Optrag vun der virechter Regierung geschriwwen. Den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg Vincent Artuso gouf bei senger Recherche vun enger Expertekommissioun begleed. Ënnersicht goufen déi éischt Méint vun der Okkupatioun, vu Mee bis Dezember 1940. D’Verwaltunge wieren deemools net forcéiert gi sech un der antisemitescher Politik vun den Nazien ze bedeelegen, si hätten dat awer deels mat Äifer an op eegen Initiativ hi gemaach, heescht et am Rapport. Déi Attitude géif sech doduerch erklären, datt schonn an den 30er Joren, esou eppes wéi eng, Zitat “Jüdesch Fro” konstruéiert gouf: Jüdesch Flüchtlinge wieren zu Lëtzebuerg als eng spezifesch Kategorie vun Immigrante behandelt ginn. Dat kéint erkläre firwat déi Lëtzebuerger Administratioune sech punktuell géint d’Okkupatiounsmuecht gewiert hätten, net awer géint Mesuren, déi derzou gedéngt hu fir jüdesch Persounen ze identifizéieren, ze diskriminéieren, ze enteegnen an ze poursuivéieren:
"La plus lourde responsabilité que porte la Commission administrative est celle d’avoir accepté, sans contestation, l’ordre du Gauleiter de ne pas permettre aux 'Juifs' originaires du Luxembourg de rentrer chez eux. Ce jour-là, elle acceptait d’appliquer une mesure fondée sur les conceptions raciales nazies, jusques et y compris aux 'Juifs' luxembourgeois. Privés de leurs droits élémentaires, ceux-ci étaient réduits au rang de citoyens de seconde zone par les autorités du Grand-Duché." (S. 224)
De Rapport betount op der anerer Säit, datt d’Exilregierung sech intensiv derfir agesat huet, d’Flucht vun de Lëtzebuerger Judden z’erméiglechen: "S’il y avait bien des germes proprement luxembourgeois à la politique qui fut appliquée à partir de septembre 1940, ils ne permettent de comprendre la disposition de l’administration à l’appliquer qu’en partie ; leur existence n’implique nullement qu’il existait une pente fatale menant à la discrimination et à l’expulsion des Juifs, quelles que soient les circonstances. Le cadre idéologique et légal, les objectifs, le rythme d’application et le mépris complet de toute considération extérieure étaient allemands. Dans un contexte complètement différent, hors de l’Europe sous occupation allemande, le Gouvernement en exil adopta une attitude qui était aux antipodes de celle de l’appareil étatique au Luxembourg." (S. 233)
D'Pressekonferenz zur Publikatioun vum "Artuso-Rapport" mam Premier Xavier Bettel, dem Vincent Artuso an dem President vun der Experte-Kommissioun, dem Professer Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg:
Wéi koum et zum Artuso-Rapport?
De 19. September 2012 hat den Historiker Serge Hoffmann an engem oppene Bréif am Tageblatt un den deemolege Premier Jean-Claude Juncker d’Fro opgeworf, ob Lëtzebuerg sech net misst fir d’Bedeelegung un den antisemitesche Persécutiounen entschëllegen. De belsche Premier Elio di Rupo hat sech deemools am Numm vu sengem Land entschëllegt.
Den 28. September 2012 huet den LSAP-Deputéierte Ben Fayot eng parlamentaresch Fro zum Thema gestallt. A senger Äntwert huet de Jean-Claude Juncker den 30. Januar 2013 geschriwwen, et géif nach ëmmer ee "gewësse Flou" ginn, wat d'Roll vun der Verwaltungskommissioun ugeet, notammant am Zesummenhang mat der Deportatioun vun der jüdescher Populatioun.
Den 22. Februar 2013 huet den Historiker Denis Scuto op RTL.lu eng Lëscht mat de Nimm vun 280 "jüdesche" Kanner publizéiert, déi d’Primärschoulinspekteren am September 1940 op Demande vun der däitscher Zivilverwaltung zesummegestallt hat. Eng Lëscht déi den Historiker bekannt war, mee déi an der breeder Ëffentlechkeet eng nei Debatt iwwer d'Fro vun der Kollaboratioun ausléist.
De 15. Mäerz 2013 gouf an enger Reunioun tëscht dem Staatsministère a Vertrieder vun der Universitéit decidéiert, datt de Vincent Artuso den Optrag kritt, fir ee Rapport iwwer d’Fro vun der Kollaboratioun ze schreiwen. Den Historiker huet 2013 eng Dokteraarbecht mam Titel “La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale” publizéiert.
De 16. Mäerz 2013 war de Vincent Artuso Invité an eiser Emissioun Riicht Eraus: