ArcelorMittal vs Staat: Verfassungsgeriicht ass saiséiert
D’Affär ronderëm d’CO2-Zertifikater vum ArcelorMittal-Site Schëffleng geet elo virun d’Verfassungsgeriicht. Dat fir ze klären, ob eng Restitutioun vun Zertifikater zréck un de Staat a bestëmmte Fäll géint d’Recht vun der Propriétéit verstéisst. De 17. Dezember huet d’Verwaltungsgeriicht en deementspriechend Urteel gesprach.
us deem Urteel dat eis virläit, geet och ervir, datt den Dossier eventuell och nach virum Europäesche Geriichtshaff kéint landen.
Nodeems ArcelorMittal d’Produktioun zu Schëffleng Enn 2011 bis op Weideres gestoppt huet, hat den deemolegen CSV-Ëmweltminister Marco Schank gefuerdert, datt de Stolproduzent ronn 80.000 CO2-Zertifikater zréck gëtt. ArcelorMittal hat doropshin ee Recours um Verwaltungsgeriicht gemaach.
Een Zertifikat gëtt d'Erlaabnis eng Tonn CO2 auszestoussen. Wann eng Entreprise manner klimaschiedlech produzéiert, kann se hir Zertifikater um Marché verkafen. D'Gesetz iwwert den Emissiounshandel gesäit awer och vir, datt den zoustännege Minister bei engem (partiellen) Produktiounsstopp kann Zertifikater zréck froen.
De Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira schwätzt op Nofro hinn vun engem "spannende" Prozess, deen och derzou kéint féieren, datt Schwaachpunkten am europäeschen Emissiounshandel-System korrigéiert ginn. Den Ëmweltministère iwwerpréift elo och, ob d'Commodo-Incommodo-Autorisatioun fir de Site zu Schëffleng mëttlerweil ofgelaf ass.
Den Interview vum Pia Oppel mam Camille Gira: