"Après-Referendum"
Weder e Jo nach e Nee bei der Referendumsfro iwwert d'Auslännerwahlrecht léisen d'Problemer am Zesummeliewen hei am Land. Dat stoung den Dag virum Referendum (06.07) an engem Bréif vu siwe Perséinlechkeeten, déi den "Après-Referendum" wollte preparéieren. D'Signataire vum Bréif (Ben Fayot, Robert Garcia, Paul Helminger, Serge Kollwelter, Jean Lichtfous, Marc Fischbach an André Hoffmann) hunn un de Chamberpresident appelléiert, fir d'Force Viven ëm e ronnen Dësch ze versammelen.
Am Interview um 100,7 (11.06), sot de fréieren Députéierte vun déi Lénk den André Hoffmann, et misst dofir gesuergt ginn, datt kee Rass duerch d'Lëtzebuerger Gesellschaft geet. Ee Rass, deen elo e bëssen erbaigepriedegt gëtt.
De Marc Fischbach sot sengersäits, datt iwwert d'Fro déi am Referendum gestallt gouf eraus, eng méi wichteg Fro sech nach ëmmer géing stellen: déi vun der Zukunftsgestaltung a vum friedlechen an harmoneschen Zesummeliewen an der Gesellschaft.
Um Mikro vum Gilles Wunsch goungen déi zwee Invitéen op d’Fro an, wat si motivéiert sech mat fënnef weidere pensionéierte Politiker un een Dësch ze setzen: