PAG Mamer : Annulatioun vun der Decisioun vum Inneministère
D'Verwaltungsgeriicht huet virun dräi Deeg dem Inneministère seng Approbatioun vum PAG Mamer annuléiert. An zwee Uerteeler déi nach net public si mä déi dem radio 100,7 virleie, gëtt e Formfeeler vum fréieren Inneminister Jean-Marie Halsdorf (CSV) festgestallt. Wéi de Minister den 22. Oktober 2013 den allgemenge Bebauungsplang guttgeheescht huet, hätt e seng Décisioun misse begrënnen, esou d'Geriicht.
Kritik gëtt et och un der Positioun vum Inneminister Dan Kersch (LSAP). De Staat hätt am Prozess refuséiert Positioun z'ergräifen. Dat géif géint d'Philosophie vum Gesetz verstoussen.
Véier Bierger an en Immobiliefong haten am Januar 2014 getrennte Recourse gemaach.
Den Olos Fund (vun ënnert anerem dem Promoteur Flavio Becca) huet mam Uerteel vum 8. Dezember och erreecht, datt d'Decisioun vum Gemengerot partiell annuléiert ass. D'Begrënnung fir en Terrain vum Fong vu 7 Hektar net an de Bauperimeter ze huele, gëtt vum Tribunal net acceptéiert well se op engem Reglement ouni legal Basis baséiere géif. Bei aneren Terrainen, déi de Fong gär am PAG gesinn hätt, krut d'Gemeng Recht.
Déi concernéiert Parteien hu 40 Deeg Zäit fir an Appel ze goen.
De PAG vu Mamer war réischt rezent en Thema : an der Gemeng an am Inneministère goufen et Perquisitioune wéinst enger Enquête géint Onbekannt wéinst méiglecher illegaler Aflossnam. De Parquet huet sech selwer saiséiert well 2013 de Virworf am Raum stoung, de Mamer Député-Maire Gilles Roth (CSV) hätt perséinlech Intérêt dru gehat, datt d'Terrainen hannert sengem Privathaus net bebaut ginn. Eng Enquête, déi näischt mat den Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht ze dinn huet.