Ännerungen um Spuer- a Steierpak?

D’Regierung an d’Gewerkschafte gesinn sech e Méindeg de Moie während enger Stonn, fir iwwert de Spuer- a Steierpak ze diskutéieren. Dat huet ons de Staatsministère konfirméiert.

“D'Regierung muss an de nächsten Deeg och kucken ob se eventuell iergend eppes am Spuer- a Steierpak wëll änneren”, sot ons iwwerdeems den DP-Fraktiounschef Eugène Berger, no enger Sëtzung vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun.

Am Laf vun der nächster Woch soll d’Chamberkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Regierung Amendementer ausschaffen, fir den oppositions formelles vum Staatsrot Rechnung ze droen. Ob et och zu Ännerungen kënnt fir op d’Kritik vun de Gewerkschaften anzegoen, dat ass par konter net kloer.

Hei ass wat den Eugène Berger ons sot:

 

De Budgetsprojet fir d'nächst Joer an de Gesetzesprojet iwwert déi 260 Spuer- a Steiermesuren mussen op jidder Fall den 18. Dezember an der Chamber gestëmmt ginn, esou den Eugène Berger.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen