Literatur D'Grande Dame vun der Lëtzebuerger Literatur ass dout

An Hommagen no hirem Doud gëtt virun allem op d'Kraaft vun der Anise Koltz hire kuerze Gedichtsversen opmierksam gemaach. Gedichter, déi als konzentréiert, kompriméiert a selbstkritesch duergestallt ginn.

Sophie Morang / jod

Anise Koltz

Als "Ambassadrice" vun der Lëtzebuerger Poesie a Literatur allgemeng beschreift de Kulturministère d'Anise Koltz an engem Communiqué.

D'Anise Kolz huet e ganze Koup Lyrikbänn hei zu Lëtzebuerg erausbruecht, mee och a Frankräich, a war 2015 mat der Lyrikanthologie "Somnambule du jour" déi éischt Lëtzebuerger Schrëftstellerin, déi an d'Lyrik-Rei vu Gallimard opgeholl gouf.

2009 koum een autobiographesche Prosaband eraus mam Titel "La Lune noircie". D'Anise Koltz huet och e puer Märercher an Erzielunge fir Kanner geschriwwen, ënner anerem "D'Khrëschtkënnchen kënnt" - oder " De Clown".

Hir Gedichter goufen awer op vill Sproochen iwwersat: Op Franséisch, Englesch, Hollännesch, Spuenesch, Portugisesch, Rumänesch, Polnesch oder och nach Russesch.

Aus dem 100,7 Archiv: Visittekaart: Anise Koltz

D'Anise Koltz gouf 1928 zu Eech gebuer. Am Ufank huet si op Däitsch geschriwwen. Domat huet si awer opgehalen, nom fréieren Doud vun hirem Mann - dem René Koltz 1971, deen an der Suite vu Folterungen duerch d'Nazien am Zweete Weltkrich gestuerwen ass. Vun do u gouf Franséisch zu hirer Literatursprooch.

1962 huet si och - deemools zesumme mat hirem Mann - d'Mondorfer Dichterdeeg an d'Liewe geruff. Bis 1974 gouf et bei dësem internationale Rendez-vous vun Auteuren enk Kontakter tëschent der internationaler an der Lëtzebuerger Literatur.

D'Kulturministesch Sam Tanson hat um Mëttwoch Owend schonn op Twitter reagéiert, kuerz nodeems d'Nouvelle vum Doud vun der Anise Koltz bekannt gi war.

D'Anise Koltz war iwwregens ënner anerem Member vun der Paräisser Académie Mallarmé, dem belschen an dem franséische PEN Club, an och dem Lëtzebuerger Institut Grand-Ducal.

Méi zum Thema

koltz.JPG
Literatur

Déi Lëtzebuerger Dichterin gouf zu Saint-Malo mam bedeitendste franséische Präis fir Poesie ausgezeechent. Belount gëtt d'Anise Koltz fir hiert Liewenswierk, dorënner "Somnambule du jour".

koltz.JPG
Literatur

Déi Lëtzebuerger Dichterin gouf zu Saint-Malo mam bedeitendste franséische Präis fir Poesie ausgezeechent. Belount gëtt d'Anise Koltz fir hiert Liewenswierk, dorënner "Somnambule du jour".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen