Staatsbudget 2016 "An der politescher Realitéit ukomm"

Mam Staatsbudget fir 2016 ass kloer ginn, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun hir Ambitioune vu virun zwee Joer schonn opginn huet, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar.

Kommentar Jean-Claude Franck

D’Schön-Wetter-Rhetorik war net z’iwwerhéieren: “Mir sollten eis freeën”, “Mir sollte glécklech sinn”, oder “dem Land geet et bei Wäitem besser wéi Verschiddener wëlle gleewen dinn”. Dat sinn e puer Zitater aus der Konklusioun vun der Budgetsried vum Finanzminister.

Et ass richteg, datt Lëtzebuerg eent vun de räichste Länner vun der Welt ass, an hei dacks op héijem Niveau geklot gëtt, mä et ass guer net dee prinzipielle Problem, deen d’Regierung gär geléist hätt. Vill méi ass et den Appel un d’Populatioun, der blo-rout-grénger Koalitioun nees méi Vertrauen ze schenken, fir datt d’Regierung net weider muss nokucke, wéi hir Ëmfroewärter falen. Et gëtt e richtege Frust an der Koalitioun: haten hir Vertrieder virun zwee Joer euphoresch gemengt, si géifen d’Land vun der laanger CSV-Herrschaft erléisen, sou si se séier aus alle Wolleke gefall.

De leschte Coup war de Referendum : d’Brochlandung nom massive Refus vun de Regierungsvirschléi huet esou wéi gedoen, datt d’Koalitioun mat hirem politesche Courage schéngt um Enn ze sinn. Datt ëmmer méi Koalitiounsvertrieder keen zweete Verfassungsreferendum wëllen, ass en trauregt Beispill dofir. En anert Beispill sinn d’Staatsfinanzen.

Onpopulär Chantiere vun der Prioritéitelëscht gestrach 

Wéi schonn am leschten État de la nation, huet d’Regierung bei der Presentatioun vun hirem neiste Budgetsprojet all méiglech negativ Connotatiounen evitéiert. Et ass zwar gesot ginn, et kéinte keng Kaddoe gemaach ginn, mä et ginn awer manner Steieren an Aussiicht gestallt. Et confirméiert sech ëmmer méi, datt d’Koalitioun fir d’Steierreform déi schwiereg a potentiell onpopulär Chantiere scho laang vun der Prioritéitelëscht gestrach huet.

A wann een de Budgetsprojet fir 2016 méi genee studéiert, fënnt ee séier eraus, datt och bei der Sanéierung vun de Staatsfinanzen d’Richtung geännert gouf. Den Impakt vum Spuer- a Steierpak ass fir d’Joer 2018 em iwwer 250 Milliounen Euro no ënne revidéiert ginn. Iwwer d’Halschent vun de Mesure si Steierhaussen, manner wéi d’Halschent also Kierzunge bei den Ausgaben. Och déi heite Koalitioun huet also séier gemierkt, datt ee sech mat Spuermesuren onbeléift mécht. Besonnesch der DP hir Slogane, fir als éischt bei den Ausgaben ze kierzen ier een u Steieren denkt, ware séier vergiess.

Aussoe vu virun zwee Joer gëllen net méi

An och en anert Zil huet d’Regierung ofgeschwächt. Beim Zentralstaat gëtt fir 2018 op eemol en Defizit vu bal enger hallwer Milliard Euro virausgesot. Dat ass en neien Ament : d’lescht Joer nach wollt d’Regierung de Budget vum Zentralstaat bis 2018 mat Strukturreformen an den Equiliber bréngen. Datt déi Ambitioun opgi gouf, ass an Zäite vu bëllegem Geld economesch gesi vläit guer net sou schlecht, trotzdem muss d’Regierung zouginn, datt se hir Ambitiounen zréck geschrauft huet, an datt hir Aussoe vu virun zwee Joer net méi ëmmer gëllen.

Dat wëll ee léiwer net un déi grouss Klack hänke, well een net wëll zouginn, datt een no zwee Joer ganz einfach an der politescher Realitéit ukomm ass, a sech domat net anescht verhält, wéi och d’Regierunge vu virdrun dat gemaach hunn.

Méi zum Thema

Thelen Reding
Staatsbudget 2016

Et wär positiv, datt déi staatlech Investissementer eropginn. Do sinn de President vun der Chambre de commerce an de President vun der Salariatskammer sech eenz. Op anere Punkten awer net.

Bleift d’Regierung hirem Zil trei, fir d’Staatsfinanzen an den Equiliber ze bréngen? Suivéiert dem liberale Finanzminister Pierre Gramegna seng Presentatioun vum Staatsbudget fir 2016 live.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen