Am Futtball feelt et un Arbitteren am Jugendberäich

De Paul Philipp bleift President vun der FLF: um Kongress vun der Fussballfederatioun gouf hie gëschter zeréckgewielt. Op deem Kongress gouf ënner anerem drop higewisen, dat et  net genuch Arbittere am Jugendberäich ginn, deelweis hunn dofir scho misse Matcher ofgesot ginn. Positiv ervir gestrach gouf awer, dat praktesch all Club uechtert d’Land,de Jonken eng Fussballsoffer mëscht. Déi grouss Erausfuerderung wier dobäi déi, fir Leit ze fannen, déi di Jonk entouréieren, sot de Paul Philipp am 100,7 Interview .

Wat d'Partie géingt Spuenien den Owend ugeet, esou hofft de Paul Philipp, dat d’Nationalequipe hier gutt Leeschtungen aus de läschte Méint ka confirméieren, et dierft awer egal wei en grousst Fest den Owend ginn, sot de FLF President an eisem Mëttespanorama

Den Interview vum Sophie Morang mam Paul Philipp:

 

 

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen