Serge Wilmes an Dräikinneksgrupp vun der CSV All potentiellen CSV-Spëtzekandidat sollt e Buch schreiwen!

Jiddereen deen un der CSV Spëtzekandidatur interesséiert ass - soll sech kloer positionéieren. De Luc Frieden huet e Buch geschriwwen. An der Diskussioun ëm säi méigleche Comeback ass dat eng gutt Iddie, seet de Serge Wilmes. Esou wéisst een, firwat dee steet. D'CSV muss sech bis 2018 kloer positionéieren an hire Profil schäerfen, fuerdert den Dräikinneksgrupp.

voting

Wann d'CSV 2018 d'Wahle sollt wannen, da soll dat e Vertrauensvote sinn, seet de CSV Deputéierte Serge Wilmes. D'Leit  sollen dee Choix net aus Frust par rapport zur Gambia-Koalitioun maachen. Dofir awer muss d'CSV soen, wou a firwat ze steet - si muss e kloren Profil entwéckelen, a mat engem kohärenten, couragéierte Programm optrieden, ass d'Analyse vum Dräikinneksgrupp.

Wéi e Spëtzekandidat?

Et gi Spekulatiounen ëm e méigleche Comeback vum Luc Frieden. "All Spëtzekandidat soll e Buch schreiwen" - seet den Dräikinneksgrupp. Et weess een da genee, wat deejéinege vun Iddien huet, an et kann een sech domat ausernee setzen. Dass e puer Leit do sinn, déi Spëtzekandidat kenne ginn, wéist dass d'Iddie vun de Primaries net aus der Loft gegraff war, seet de Serge Wilmes. Et wier egal wéi gutt de Spëtzekandidat  esou transparent an demokratesch ewéi méiglech ze bestëmmen.

Wäerteunterrecht soll rediskutéiert ginn

Den Dräikinneksgrupp wëllt an nächster Zäit eng nei Propose fir de Wäerteunterrecht maachen. "Mir plädéiere fir méi eng oppe laizistesch Haltung, an net fir eng geschlossen, wéi d'Regierung et elo wëllt" seet de Serge Wilmes. Di aktuell Majoritéit hätt hei ideologesch Scheiklappen. Hire Projet gëff keen zefridde stellen, et wier awer wichteg fir d'Gesellschaft dass et op deem Punkt e Konsens gëtt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen