ALIA: Dossier fir Autorisatioun vun "RTL 2" net komplett

“Den Dossier vum geplangtene franséischsproochege Radiosender muss vun Null un opgeschafft ginn fir dass jiddfereen sech seng Meenung dozou ka maachen. Wéi schnell dat geet ass schwéier virauszesoen”, esou de neien President vun der ALIA, den Thierry Hoscheit. De neie Radiosender vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort soll Ufank Februar ufänken mat senden. Dësen Radiosender wäert déi dräi aktuell Radio-Frequenzen vum DNR benotzen, deen ophält.

“Et muss een sech d’Fro stellen ob RTL a Saint-Paul sech net missten dem Rhythmus vun den Autoritéiten riichten an ob et net éischter un hinnen ass ze soen, dass do nach e Problem ass betreffend den Autorisatiounen déi mer hunn an déi mer brauchen” an eréischt op Antenn ze goe wann dat alles gekläert ass, esou den Thierry Hoscheit. Hien kéint awer net soen ob d’ALIA sech opposéiere wëll a kann fir dass dee neie Radio ufänkt mat senden. Déi nei onofhängeg Autoritéit ALIA ass zoustänneg fir d’Iwwerwaachung vun de Radio a Televisiounsprogrammer, souwéi fir d’Attributioun vu Radiosfrequenzen.

Lauschtert den Interview vum Gil Goebbels mam Thierry Hoscheit:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen