Alexandra Figueira (PID) - Philippe Schumann (Déi Lénk)

Mam Alexandra Figueira vun der PID (Bezierk Osten) an dem Philippe Schumann vun Déi Lénk (Bezierk Norden) stounge sech de 27. September an der 100,7-Wahlemissioun zwee jonk Kandidate géintiwwer, déi fir d’éischt bei Wahle matmaachen. Fir d’Alexandra Figueira sollen d’Problemer un der Wuerzel ugepak an net nëmmen d’Symptomer bekämpft ginn. De Referendum ass fir si ee vun de wichtegste Punkten: “Ech fannen hautdesdaags gëtt vill decidéiert ouni wierklech dem Bierger nozelauschteren, wou d’Problemer sinn, wat si denken”, sou di 25-Joer jonk Fra, déi an enger Immobilien-Agence schafft.

De Philippe Schumann fillt sech vun der politescher Analyse vun Déi Lénk ugesprach. Sengem Weltbild no, kann de Mënsch “iwwerall matbestëmme wat mat him gemaach gëtt an och wat mam Produkt vu senger Aarbecht gemaach gëtt”, sou den 23-järege Philosophiestudent. Zum Beispill duerch d’Verkierzung vun der Aarbechtszäit, sou wéi seng Partei se proposéiert, kéim di geschafe Produktivitéit dem Mënsch zegutt.

De ganze Face-à-Face, vum Michel Delage moderéiert, kënnt Dir hei nolauschteren:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen