arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alex Bodry: Asaz vun Trojaner war legal

Staatstrojaner

|
reading time

2 min

Alex Bodry: Asaz vun Trojaner war legal

Datt de Geheimdéngscht déi lescht fënnef Joer Iwwerwaachungsoftware agesat huet, war legal, sou den Alex Bodry. Enn Juni hat de radio 100,7 gemellt, datt de SREL punktuell Trojaner benotzt, fir Geräter vu verdächtege Leit z'iwwerwaachen. Den Alex Bodry confirméiert, datt de Staatstrojaner och no 2013 agesat gouf.

reading time

2 min

Och no 2013 gouf de Staatstrojaner mam Accord vum Staatsminister Bettel vun den zoustännege Riichter a vun der aktueller parlamentarescher Kontrollkommissioun agesat, confirméiert den Alex Bodry. Dat ass op Basis vun engem Passage aus dem Code d’instruction criminelle geschitt, deen 1982 formuléiert gouf. Juristesch ass dat ëmstridden: Den Affekot Pol Urbany huet um radio 100,7 vu manifesten illegalen Aktioune geschwat.

Den LSAP-Fraktiounschef a Member vun der aktueller Kontrollkommissioun ass awer der Meenung, datt den entspriechenenden Artikel 88-3, deen 1982 fir Telefonsecoutë formuléiert gouf, als legal Basis duer geet: "Den Artikel 88-3 schwätzt vun 'toute forme de communication'. Deemols ass et déi modern Technik zwar nach net ginn, mä den Text ass esou allegemeng formuléiert, datt och nei Technike kënnen drënner falen."

Code d'instruction criminelle konform zur Mënscherechtskonventioun

1985 hunn d‘Sozialisten aus der Oppositioun eraus den Artikel 88-3 an 88-4 virum Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg ouni Erfolleg ugefecht. Mam Argument, datt déi gesetzlech Basis ze flou wier. Den Alex Bodry huet deemools selwer geklot.

"Mir hunn onrecht kritt! Et gëtt also en Uerteel vu Strossbuerg dat seet, datt den Artikel 88-3 aus dem Code d'instruction criminelle konform zur der europäescher Mënscherechtskonventioun ass."

Keng lëtzebuergesch Jurisprudenz

Den Alex Bodry erwähnt dobäi net d’Argumentatioun vun der Défense vun der deemoleger Regierung. Hire Vertrieder sot viru Geriicht, de Code d'instruction criminelle dierft net esou interpretéiert ginn, wéi wann de SREL dierft doheem iwwerwaachen. En Trojaner gëtt der europäescher Jurisprudenz no ënner anerem mat engem Agrëff an d’Recht op de Schutz vum Domicile gläichgesat. Dem LSAP-Fraktiounschef no géif et sech hei net ëm eng lëtzebuergesch Jurisprudenz handelen: "Ech sinn der Meenung, datt op Grond vun eisen Texter d'Asetze vum Staatstrojaner méiglech ass."

Dem Alex Bodry no wier et awer gutt, datt dat neit SREL-Gesetz, dat den éischten Oktober a Kraaft trëtt, elo méi prezis gëtt. Well bis elo wier eng grouss Parti vum SREL iwwerhaapt net geregelt gewiescht. Ënner anerem den CSV-Deputéierte Gilles Roth an den Affekot Pol Urbany hu viru kuerzem gemengt, och dat neit SREL-Gesetz wier net prezis genuch. Beim Asaz vun Trojaner am Geheimdéngscht wieren dowéinst Abuse méiglech.

play_arrow Bäitrag vum Maxi Pesch