Dopping ALAD: "Et geet ëm d'Glafwierdegkeet vum Sport"

D’Lëtzebuerger Antidoppingagence ALAD ass dermat averstanen, datt de russesche Liichtathletikverband weiderhi gespaart bleift. D'Inspektere wieren un hirer Aarbecht gehënnert ginn, seet de Guy Colas.

Carole Schimmer / ckl

Guy Colas.jpg
"Et muss een awer am Dopping haart duerchgräifen", seet de Guy Colas vun der ALAD

De russesche Liichtathletikverband huet d'Kritäre net erfëllt, fir datt d'Sanktioune wéinst Dopping opgehuewe ginn, seet de Guy Colas, President vun der ALAD, der Lëtzebuerger Antidopping Agence, nodeems d'IAAF decidéiert huet déi russesch Liichtathlete weider ze spären. D'Inspekteren déi vum Weltverband mandatéiert gi waren, Kontrollen a Russland duerchzeféieren, wieren an hirer Aarbecht behënnert ginn. Ënnert anerem hätten si keen Accès kritt zu den Infrastrukture wou Sportler sech opgehalen hunn. "Dat kann een net toleréieren", esou de Guy Colas.

Dësweideren ass ee gewuer ginn, datt déi russesch Douane Bluttprouwen opgemaach hat, déi an de Laboratoire vu Châtenay Malabry geschéckt goufen. Dat wier ze verwerfen an dofir wier d’Decisioun vum Liichtathletik Weltverband, a sengen Aen, nëmme "logesch", seet de Guy Colas.

Hannergrond

Réckbléck: Am Dezember 2014 huet déi däitsch Televisiounschaîne ARD bericht, datt russesch Athlete systematesch gedoppt wieren. Doropshin ass eng Enquêtëkommissioun vun der Welt-Anti-Dopping Agence agesat ginn.

Déi Enquête huet d’Informatiounen aus der ARD-Emissioun bestätegt. De russesche Liichtathletikverband gouf ënnert Observatioun gesat. Nom Rapport vun der Enquête gouf de Verband suspendéiert.

"Haart duerchgräifen"

De russesche President huet no där Decisioun vun der Federatioun un den olympesche Comité appelléiert. D’Responsabilitéit am Fall vun Dopping kéint net kollektiv sinn, deemno dierft nëmmen ee Sportler gespaart ginn, dee perséinlech iwwerfouert gi wier, datt e gedoppt huet, esou de Vladimir Putin.

Jiddereen "deen e bësse Rechtsverständnis huet", kéint esou eng Positioun deelen, mengt de President vun der ALAD. Engersäits wier et ëmmer Schued, den Dram vun engem Sportler ze zerstéieren, dee sech jorelaang op esou een Zil preparéiert huet. "Et muss een awer am Dopping haart duerchgräifen, wëll et em d’Glafwierdegkeet vum Sport a vun der Doppingbekämpfung geet", mengt de Guy Colas.

"Risiko vun enger Hellewull Recoursen"

Hie kann de Kompromëssvirschlag vum Weltverband novollzéien. Zu de Recoursen, déi verschidde russesch Elittesportler géint déi Decisioun kënnen areechen, seet hien: "Do besteet de Risiko datt de Weltverband mat enger Hellewull u Recourse konfrontéiert gëtt, wann esou eng Ouverture fir propper Sportler net géing gemaach ginn", sou de President vun der ALAD. Allerdéngs misst een elo d’Kritäre festleeën, fir ze bestëmmen, wien un den Depart dierf goen a wien net.

De Liichtathletik-Weltverband huet Enn der Woch decidéiert, datt déi russesch Athlete weiderhi gespaart bleiwen. Den Exekutivcomité vum internationalen olympesche Comité huet d’Decisioun vum Liichtathletik Weltverband approuvéiert. De Liichtathletik-Weltverband huet awer och ee Kompromëss-Virschlag annoncéiert. Russesch Liichtathlete kéinten ausnahmsweis un den olympesche Spiller vu Rio participéieren, wa se ënnert engem neutrale Fändel géingen untrieden an net ënnert dem russesche Fändel.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen