Aktuell provisoresch Fixerstuff besser wéi geplangte permanent Fixerstuff

"Déi aktuell ABRIGADO-Struktur mat engem Drogekonsumraum zu Bouneweg entsprécht wahrscheinlech besser eise Besoine wéi de Projet, deen zënter bal zéng Joer an der Planung ass, fir an der rue d’Alsace zu Hollerech gebaut ze ginn." Dat ass eng Reaktioun vum Gilles Rod, dem Direkter vun der Associatioun "Comité National de Défense Sociale", op d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht.

Eng Conclusioun aus dësem Urteel ass jo, datt d’Pläng fir eng nei, permanent Fixerstuff zu Hollerech géigeniwwer vum Siège vun der Entreprise Paul Würth weidere Retard kréien.

ABRIGADO schafft zanter 2012 an engem provisoreschen Neibau zu Bouneweg. D’ASBL, déi ABRIGADO geréiert, kéint sech net an de juristesche Sträit tëscht der Stad Lëtzebuerg a Paul Würth amëschen, esou de Gilles Rod. An den aktuelle Containere kéint een nach méi wéi zwee Joer laang bleiwen.

De Bäitrag vum Serge Kesseler:

 

De Gilles Rod, iwwert déi aktuell provisoresch Struktur zu Bouneweg:

 

D’Stad Lëtzebuerg léisst sech vun Affekoten eng Analyse maachen, wat administrativ muss gemaach, respektiv changéiert ginn, fir dem Urteel vum Verwaltungsgeriicht a Saache geplangten nei permanent Fixerstuff zu Hollerech Rechnung ze droen. Dat huet déi Stader Schäffen Viviane Loschetter eis op Nofro hi gesot.

Parallel wëll de Stader Schäfferot Kontakt mam Gesondheetsministère ophuelen. D’Viviane Loschetter betount, datt déi geplangte Fixerstuff een nationale Projet ass, deen op engem Terrain vun der Stader Gemeng soll entstoen. D’Stad wëll nach eng Kéier insistéieren, datt eng Dezentraliséierung onbedéngt néideg ass: an der aktueller Struktur zu Bouneweg géif een d’Zuel vun Drogenofhängegen net méi packen, esou déi gréng Politikerin.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen