“Aktiounsbündnis Cannabis” fuerdert Legaliséierung
Fir d’Populatioun an d’Politik iwwert Cannabis opzeklären hunn d’Jonk Demokraten, déi jonk Gréng, déi Jonk Lénk an di jonk Piraten den “Aktiounsbündnis Cannabis” an d’Liewe geruff. An den Ae vun de 4 Jugendorganisatioune vu Parteien, ass Cannabis eng Drog wéi Alkohol, déi besser bekämpft gëtt wann se legal ass.
Ugeschwat op d’Positioun vun der Regierung, d’Legaliséierung vu Cannabis wier keng Prioritéit, sot de Michael Agostini vun der JDL: "20.000 Mënsche konsomméieren zu Lëtzebuerg Cannabis an esou eng signifikativ Zuel kann ee net ignoréieren".
D’Gina Arvai vun déi Jonk Gréng sot hirersäits "Jo, d’Regierung huet vill aner Prioritéiten, mee et muss een hier weisen, datt de Sujet Cannabis och enorm wichteg ass."
Net mat dobäi am Aktiounsbündnis sinn d'CSJ an d'JSL. D’Jonk Sozialiste si fir d’Legaliséierung vu Cannabis mee wéinst enger Patt-Situatioun am Nationalbüro wéilt een d’Fro nach eng Kéier um Kongress am Fréijoer klären, esou de President vun der JSL, de Sammy Wagener op Nofro hin. D’CSJ, déi ass hirersäits géint d’Legaliséierung.
De Bäitrag vum Francois Aulner:
Den Interview mam Michael Agostini (JDL):
Den Interview mam Gina Arvai (jonk Gréng).