Agrarzenter Kolmer-Bierg: Chantier geet am Fréijoer 2015 un

De neien Agrarzenter zu Kolmer-Bierg kënnt... lues awer sécher. D’Responsabel vum Verband Group sote sech gëschter virun der Presse zouversiichtlech, datt d’Baggeren am Fréijoer d’nächst Joer kënne rullen.

No méi wéi 15 Joer politeschen Diskussiounen iwwert de Standuert vun engem neien Agrarzenter (deen deen zu Miersch soll ersetzen), hat de Verband virun 3 Joer decidéiert, d’Silo’en an d’Fudderfabrik zu Pärel-Besch an Däitschland ze bauen. Zu Kolmer-Bierg dann sollt en Agrarzenter mat Lager- a Logistikzenter, a mam Sëtz vum Group komme.

Iwwerdeems d’Silo’en zu Perl-Besch schonn operationell sinn an d’Fudderfabrik um Punkt ass finaliséiert ze ginn, huet de Chantier fir den Agrarzenter zu Kolmer-Bierg awer nach net emol ugefaang. D’Responsabel vum Verband Group soen et wier gewosst, datt d’Prozeduren zu Lëtzebuerg ze lues virukommen, am Verglach mam Ausland.

Am Fall "Agrarzenter" muss een awer nuancéieren: zu Perl-Besch louchen d’Autorisatiounen scho vir an dat eenzegt wat nach gefeelt huet virun 3 Joer, war d’Baugenehmegung.

Zu Kolmer-Bierg huet de Verband réischt am November ugefaang Autorisatiounen unzefroen, well nach virdrun den Terrain huet misse verhandelt ginn. Réischt am November ware sech de Verband an de Staat Eens ginn: de Group huet dem Staat d’Terrainen vu Pëtten verkaf an en Echange en "droit de superficie" zu Kolmer-Bierg kritt.

De Bäitrag vum François Aulner:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen