Affairen an Institutiounen
En Aarbechtsminister, dee reprochéiert krut bei der Police vu senger Positioun abuséiert ze hunn; eng Immobilienaffär, an där et un Transparenz gefehlt huet, an déi zu juristesche Plainten a staarke Virwërf och géint Ministere gefouert huet, eng Transaktioun tëscht Qatar Airways a Cargolux, déi de Finanzminister an d’Weeër geleet huet, ouni op Anerer ze lauschteren, an déi um Enn och gescheitert ass, e Procureur Général, deen dem Justiz a Policeminister reprochéiert, ëmmer nees bei der Justiz d’Bommeleeër-Enquête a Fro gestallt ze hunn; an e Geheimdéngscht, iwwert dee Joeren no de Faitën grave Dysfunktionnementer bekannt gi sinn, déi um Enn zu Neiwahle gefouert hunn...
Wéi eng Conclusioune sinn aus dësen Affairen ze zéien? Dat ass d'Fro ëm déi et an der zweeter offizieller Table Ronde geet. Invitéen si Vertrieder vun de 9 Parteien, déi bei de Wahlen untrieden. Organiséiert gëtt des Emissioun vum staatleche Service Information et Presse.
Moderatioun : Nico Graf (RTL) a Jean-Claude Franck (radio 100,7)