De Staat soll sech jo um Ënnerhalt vun der Iechternacher Basilika, engem nationale Gebai, bedeelegen. Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich awer en Donneschdeg refuséiert, mam Staat déi deementspriechend Konventioun z’ënnerschreiwen. D’Kierchefabrick vun Iechternach huet d’Plainte géint hie matgedroen.
De Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabricken, hat scho laang mat engem Recours viru Geriicht gedreet. An zwar aus Protest géint déi grouss Konventioun iwwert eng méi grouss Trennung vu Kierch a Staat, dorënner d’Enteegnung vun de Kierchefabricken.
Kohärent, net z’ënnerschreiwen
De Generalvikar Leo Wagener erkläert d’Decisioun vum Äerzbëschof, d’Konventioun iwwer d’Basilika net z’ënnerschreiwen: “Op där enger Säit hëlt een de Bëschof an de Bistum viru Geriicht, fir eng Konventioun unzefechten. Bannent där Konventioun ass awer och virgesinn, de Statut vun der Basilika ze klären. Si wollten d’Mandat [un den Affekot vum Syfel, md] net zeréckzéien. Dofir ass eng Kohärenz do, fir net z’ënnerschreiwen.”
Déi geriichtlech Assignatioun, déi ënnert anerem un de Bistum geriicht gëtt, gouf vun 110 Kierchefabricke matgedroen. Zwee Drëttel sinn also net dobäi, seet de Generalvikar. De Leo Wagener hat Gespréicher mat der Kierchefabrick vun Iechternach. “Do ass däitlech ginn, datt déi Leit net onbedéngt ‘en connaissance de cause’ waren, wat eigentlech dat Mandat, wat se dem Me Bauler ginn haten, bedeit.”
Statute vum zukünftege Kierchefong bal fäerdeg
Parallel schafft de Bistum, zesumme mat Membere vu Kierchefabricken an anerer, un de Statute vum zukünftege Kierchefong. Dee Fong, deen nach an der Chamber muss votéiert ginn, soll déi Kierchegebaier geréieren, déi de Bistum nach wëll behalen. D’Statute wiere “quasi fäerdeg”, sou de Leo Wagener. Et géif een och ee méi vaste "règlement d’ordre intérieur" ausschaffen, an deem d’Responsabilitéiten am Fong verdeelt ginn.
Et wier nach ze fréi, fir een definitive Bilan ze zéien iwwert d’Konventiounen, déi tëschent de Gemengen an de Kierchefabricken ofgeschloss goufen. Bis elo hätt de Bistum der 82 erakritt. Anerer, déi vun de Gemengeréit gréng Luucht kruten, wieren ënnerwee. Do wou keng Konventioun ënnerschriwwe goufen, sollen Titeren d’Besëtzverhältnisser klären.