Accord Regierung - Patronat
D’Regierung huet sech géigeniwwer dem Patronat engagéiert den Defizit vun der Employeurs-Mutualitéit ganz auszegläichen. De Staat leet also elo 25 Milliounen Euro nach bäi. Dat ass ee vun de Punkten aus dem 19-Punkten-Accord, iwwert dee sech d’Regierung an de Patronats-Daachverband UEL Eens gi sinn.
Am Accord huet sech d’Regierung ënnert anerem engagéiert, no Ofsprooch mat de Sozialpartner, d’Gesetz iwwert de soziale Mindestloun esou ëmzeänneren, datt verhënnert gëtt, datt ee Salarié deen zéng Joer laang den onqualifizéierte Mindestloun krut, no 10 Joer automatesch de qualifizéierte Mindestloun kritt.
Weider Pisten, déi am Accord opgezeechent ginn, viséieren d’Bekämpfung vum Chômage, mat ënnert anerem enger besserer Zesummenaarbecht tëscht den Entreprisen an der ADEM. Fir d’Produktivitéit vun de Betriber z’erhéije soll d’Referenzperiod analyséiert ginn, wat zu enger méi grousser Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit kéint féieren.
De Bäitrag vum François Aulner: