"Accord iwwer Kierchefabrike stellt keen zefridden"

accord-kierch-staat.jpg

Foto (v.l.n.r.): Den Inneminister Dan Kersch, den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, de Premier Xavier Bettel an den Educatiounsminister Claude Meisch (©SIP)

D’Conventioun déi den Äerzbistum mat der Regierung ausgehandelt huet iwwert déi nei Organisatioun vun de Kierchefabrike géing kee zefridde stellen; dat schreift de fréiere Generalvikar Erny Gillen en enger rezenter Publikatioun. Et ass en Appel u Gemengen a Kierchefabriken, datt deen um nationalen Niveau verhënnerte Kulturkampf, sech elo net a vereenzelten Dierfer a Stied verschäerft. Dem Erny Gillen no hätten de LSAP-Inneminister an déi sozialistesch Partei an de Verhandlunge mam Äerzbistum bis zum Schluss drop gehal, datt et net zu enger Kofinanzéierung kënnt vun de Kierchebauten déi an e nei geschafene Fong solle kommen. Dee Punkt wär taktesch abruecht ginn, fir méiglecherweis déi gesamt Conventiounen ze kippen.

Am Erny Gillen sengem Text heescht et: "Der in der Konvention festgeschriebene formelle Ausschluss einer zukünftigen Kofinanzierung von vom Fonds verwalteten Kirchenbauten durch die Kommunen muss erst noch rechtskräftig in ein Gesetz eingeschrieben werden. Dabei wird sich zeigen, ob und wie diese Bruchstelle im Vertrag umgesetzt werden kann. Bis zum Schluss der Verhandlungen gaben weder der Innenminister noch die sozialistische Arbeiterpartei in diesem Punkt nach. Dieser Punkt wurde bewusst und taktisch eingebracht und eingesetzt, um möglicherweise die gesamten Verträge zu Fall zu bringen. Zufrieden damit ist keiner: Es bleibt eine gefährliche Bruchstelle."

De Bäitrag vum Mick Entringer:

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen