Accisen um Tubak gi reduzéiert
D’Regierung plangt d’Accisen um Tubak ze reduzéieren, fir esou d’TVA Hausse vu 15 op 17 Prozent ze kompenséieren. Dat huet de Wirtschaftsmagazin Paperjam op sengem Internetsite gemellt.
Am projet de règlement grand-ducal, deen eis virläit heescht et, datt esou ee Verloscht vu Recettë soll verhënnert ginn. D’Eropsetze vun der TVA hätt dem Exposé des Motiv no, dozou gefouert, datt d’Zigaretten ëm 30 bis 40 Cent de Pak méi deier gi wieren. De Verkaf vun Zigaretten zu Lëtzebuerg géing esou riskéieren ëm ee Véirel zeréckzegoen.
De Charel Lemmer vum Tubakproduzent Heintz Van Landewyck huet op Nofro hin d’Versioun vu Paperjam dementéiert, datt dës Mesure op Drock vu senger Firma geholl géing ginn. Et wier an der entspriechender EU-Direktiv virgesinn, datt d’Accise fir en Zäitraum vun zwee Joer kënne reduzéiert ginn, wann d’TVA klëmmt.
Trotz enger Reduzéierung vun den Accisë géing Tubak méi deier ginn, esou de Charel Lemmer.
D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch war nach net fir eng Reaktioun z’erreechen.
Den Interview vum Pia Oppel mam Charel Lemmer: