Abbes Jacoby (Déi Gréng) Kandidat fir an de Staatsrot?

Gëtt den Abbes Jacoby neie Member vum Staatsrot amplaz vum Albert Hansen? “No comment”, sou d’Äntwert vum grénge Fraktiounssekretär op eis Nofro hinn. D’Diskussiounen tëschent de Parteie géife nach laafen, deelweis och op Regierungsniveau, an et wier nach alles op. Den Abbes Jacoby kann et sech op jiddwer Fall virstellen, opgrond vu senger Aarbecht als Fraktiounssekretär. Déi Gréng hätten en zweete Sëtz zegutt.

Bannent engem Mount mussen d’Kandidaturen era sinn, dës Kéier ass et un der Chamber fir ee neie Staatsrots-Member ze nennen. D’Lëtzebuerger Wort huet den nach-CSV-Präsident Michel Wolter an d’Gespréich bruecht, mam Argument, datt de Poste vum Albert Hansen an der Partei misst bleiwen an de Michel Wolter bei de gesichtenen Economiste-Profil géif passen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen