Aarmut a Sozial Kohäsioun Aarmutsrisiko bleift héich
Ronn 15 Prozent vun de Residenten zu Lëtzebuerg waren zejoert vum Aarmuts-Risiko betraff, esou de STATEC. Trotz dësem liichte Réckgang géintiwwer dem Joer virdrun, bleiwen den Aarmuts-Risiko an déi sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg op héijem Niveau, seet de Robert Urbé, Porte-parole vun der Caritas.
Den "taux de risqué de pauvrété" zu Lëtzebuerg ass Zejoert eng éischte Kéier zanter 2011 liicht zeréckgaangen. Dat geet aus dem Rapport iwwer d'Aarbecht a sozial Kohäsioun vum Statec erfir. Den Taux louch bei 2015 bei 15,3 Prozent - eng Baisse vu ronn engem Prozentpunkt par rapport zum Joer virdrun. Et wier awer nach ze fréi, fir vun enger Verbesserung ze schwätzen, seet de Robert Urbé. Et misst een den Trend iwwert déi nächst Jore kucken, mengt de Porte-porale vun der Caritas.
Den Aarmuts-Risiko-Taux gëtt op der Basis vum Revenue médian gerechent. De Risiko besteet, wann ee manner wéi 60 Prozent vun deem Revenu huet. 2015 waren dat 1,763 Euro Brutto. 15,3 Prozent vun de ronn 3.800 Stéit, déi vum STATEC gefrot goufen, louchen do drënner. Dem Robert Urbé no wier dësen Taux just een Indicateur, deen net direkt eppes iwwert d’Aarmut géif aussoen. Et wier virun allem en Indicateur vun den Inegalitéiten, well ee verschidde Kategorië kéint matenee vergläichen.
Auslänner dräi mol méi betraff
Beim Aarmuts-Risiko ginn et grouss Ënnerscheeder jee no Alter, Nationalitéit an Zesummesetzung vun de Stéit. Bei net-Lëtzebuerger zum Beispill, läit den Taux bei 22 Prozent, bei Lëtzebuerger nëmme bei 7 Prozent. Dat kéint een als Zeechen dofir interpretéieren, datt d'Gesellschaft zu Lëtzebuerg sozial gedeelt wier - tëscht Auslänner a Lëtzebuerger, esou de Robert Urbé. Dobäi misst een tëscht op d’mannst zwou Kategorië vun Auslänner nuancéieren, mengt de Caritas-Spriecher: Deenen um ënneschte Bord vun de Revenuen, an deenen um héije Bord. Dat wieren d'"Expaten" a Leit, déi bei grousse Konzerner oder den europäesche Communautéite géife schaffen.
45% Aarmutsrisiko bei Elengerzéier
Déi prekär Situatioun vun de Familles monoparentaux wier scho laang bekannt, ënnersträicht de Robert Urbé. Mat der Steierreform am Budget 2017 géif deem zum Deel entgéintgewierkt ginn. Dëst zum Beispill duerch d’Verduebelung vum Crédit d’Impôt Monoparental (CMI) vu 750 Euro op 1,500 Euro. Do hätt een awer méi kënne maachen, kritiséiert de Caritas-Spriecher. D’Limite vu 35.000 Euro Joresrevenu, vun där un de CMI nees ofhëlt, hätt ee kënnen eropsetzen.
De Robert Urbé hofft, dass déi am Regierungsprogramm ugekënnegt Mesure ëmgesat gëtt, fir beim Complément RMG den Undeel, dee fir d’Kanner virgesinn ass, vun 10 op 30 Prozent eropzesetzen.
Net genuch sozial Wunnengen
Wat de Logement ugeet huet iwwert e Véierel vun de Stéit, déi vum STATEC gefrot goufen, uginn, datt si d’Wunnen als finanziell Belaaschtung empfannen. Bei Leit, déi manner ewéi 1,736 € Brutto Revenue am Mount hunn, wier déi Belaaschtung natierlech besonnesch staark, esou de Robert Urbé. D’Loyers Subventioun, déi am Januar 2016 agefouert gouf, wier do eng Hëllef. Déi wier awer op 300 Euro de Mount gedeckelt.
Et wier essentiell, méi Sozialwunnengen zu Lëtzebuerg ze bauen. "Wann ee grousszügeg ass, gëtt et zu Lëtzebuerg tëschent 2 a 4 Prozent Sozialwunnengen”, seet de Robert Urbé. Am Ausland wieren et minimum 6, an Holland esou guer iwwer 30 Prozent. Am Ganze géifen 30.000 Wunnenge fehlen, dovunner 15.000 Sozialwunnengen. Et kéint een awer net an e puer Joer ee Retard ophuelen, dee während Joerzéngte versäumt gouf. De Robert Urbé begréisst, datt mat der Steierreform d’Loyeren op Wunnengen, déi d’Agence Immobilière Sociale verlount, nëmmen zu 50 Prozent besteiert solle ginn. Dat géif Uräizer fir Proprietairë ginn, fir hir Wunneng fir d’AIS zur Verfügung ze stellen. D’Agence Immobilière Sociale hätt awer net genuch Leit, fir déi vill Demande vu Proptiétairen ze verwalten.
Roll vun der Educatioun
Bei Jonken ass den Aarmutsrisiko dem STATEC no besonnesch grouss. De Robert Urbé erwähnt do dee bekannte Problem vum Manktem u Qualifikatiounen. Vill Jonker kréichen zwar d’Méiglechkeet, mat zäitlech begrenzte CIE (Contrat d'Initiation à l'Emploi) a CDD (Contrat à Durée Déterminée) Kontrakter, an a Stagen, professionell Erfahrung ze sammelen. Vill hätten awer net d’Qualifikatiounen, déi um Aarbechtsmaart gefrot wieren. Do wier de Lëtzebuerger Educatiouns-System gefuerdert, esou de Robert Urbé.
An engem knappe Joer geet de Porte-parole vun der Caritas iwwregens a Pensioun. Eng Decisioun, wien säi Successeur soll ginn, wier nach net gefall.