950 Milliounen Euro Recetten 2013 duerch den elektroneschen Handel
Den elektroneschen Handel huet dem lëtzebuerger Staatsbudget d’lescht Joer 32 Prozent méi TVA’s-Recetten abruecht wéi d’Joer virdrun, ee neie Rekord. Den definitive Montant läit bei 950 Millioun’en Euro, sot den Direkter vum Enregistrement Romain Heinen am 100,7-Interview. Fir dëst Joer kéint d’TVA um E-Commerce souguer nach méi abréngen. No Aschätzung vum Enregistrement wieren dat 1,026 Milliarden Euro. Vum nächste Joer un falen déi Recetten allerdéngs lues a lues ewech, wann d’TVA um elektroneschen Handel am Land vum Konsument erhuewe gëtt.
De Romain Heinen: