Europakronik vum Danièle Weber iwwer Migratiounsquoten

Europa iwwerhëlt endlech Responsabilitéit – dat sot d’EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini wéi se déi Europäesch Agenda fir Migratioun virgestallt huet. An där Agenda geet et och em Quoten, no deenen d’ Flüchtlingen ënnert den EU-Länner opgedeelt solle ginn. Dozou d’Europakronik vum Danièle Weber:

 

Eng couragéiert Propose, esou de Commentaire vun EU-Politiker vum konservativen awer och vum sozialistesche Bord. Esou Reaktiounen soe vill aus iwwert déi europäesch Visioun zur Migratioun vun der sougenannter grousser Koalitioun.

„Couragéiert“ heescht an deem Fall: D’Kommissioun huet eppes proposéiert, wat eng ganz Parti Memberlänner refuséieren. Mat Courage par rapport zu deem, wourëms et eigentlech geet, nämlech en aneren, ee méi humanen Ëmgang mat Réfugiéen huet dat awer näischt ze dinn.

Déi proposéiert Quote viséieren eng méi entre guillemets fair Verdeelung vun de Flüchtlingen ënnert den EU-Länner. Länner, wéi Däitschland, déi haut par rapport zu deenen anere méi Réfugiéen ophuelen, sinn also fir Quoten – well se hoffen doduerch nees Flüchtlinge kenne lass ze ginn. Anerer, déi dergéint si fäerten, si missten der op bemol méi an hiert Land eraloossen.

Et geet wéi meeschtens drëm, national Interesse duerchzesetzen.

Huele mer zum Beispill Däitschland, wou am Ablack ronn 30 Prozent vun den Demandë fir an der EU Asyl ze kréie gestallt ginn. Där neier Quot no géifen op Däitschland nach ronn 18 Prozent falen. Also däitlech manner. Aner Länner wéi Rumänien missten 3,75 Prozent vun de Flüchtlingen ophuelen. Ass et wierklech couragéiert, Réfugiéen an ee Land ze schécken, dat wäit ewech dovun ass, d‘Mindeststandarden ze erfëlle fir Leit z'empfänken?

Bei deene Quote spillen d’Bedürfnisser vu Réfugiéë keng Roll. Op där Säit vun eventuelle Rechter fir Réfugiéen, sech méi fräi an der EU ze beweegen, bleift déi couragéiert Propose vun der Kommissioun nämlech zimlech vague.

Géif dee neie System agefouert gi – géif d’Prioritéit och weiderhin op de Fluchtweeër an net op de Fluchtgrënn leien. Fir Leit aus Krichsregioune wéi Syrien eng Perspektiv ze ginn, misst een aner Mesuren huelen, wéi Quoten aféieren.

Obwuel déi meescht vun hinnen d'Konditiounen erfëllen, fir Asyl ze kréien, gi si gezwongen, hiert d’Liewen op d'Spill ze setzen a sech op de Wee ze maachen, fir iwwert d'Mëttelmier ze kommen. Eng aner manner geféierlech Entrée gëtt et fir déi allermeescht net.

Doru wärt och d’Propose 20.000 Leit an der EU legal unzesidelen näischt änneren. 20.000 – dat ass em Verglach zu der Zuel, vun deenen, déi op der Flucht sinn an an de Nopeschlänner vu Kriseregioune landen, ganz sécher net als couragéiert ze bezeechnen.

Hei géif et net drëm goen d’Grenzen op oder zou ze maachen, sot den EU Commissaire Avramapolous bei der Presentatioun vun der Agenda. Béides wier onrealistesch. De Schwéierpunkt läit allerdéngs däitlech op där zweeter Beweegung, nämlech op där d'Dieren zouzehalen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen