Fussball 70 Prozent vun de jonke Fussballarbitteren halen op

Physesch Gewalt géint Fussballarbittere wier e Phenomeen, deen an de leschte Joren éischter ofgeholl hätt, seet de Charles Schaack, President vun der Schidsriichterkommissioun bei der FLF. Wat dogéint zougeholl hätt wieren d'Intimidatioun vun haaptsächlech jonken Arbittere wärend Jugendmatcher a schrëftlech Attacke géint si op de sozialen Netzwierker.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Charles Schaack
De Charles Schaack ass President vun der Schidsriichterkommissioun bei der FLF

Um Wee fir an de Vestiaire géif et dacks ee "Spießrutenlauf" fir déi jonk Schidsriichter ginn, seet de Charles Schaack. Hei géifen déi jonk Schidsriichter och dacks verschidde Bedrohungen nogeheit kréien. "Et kann een och net méi vun enger momentaner Emotioun schwätzen, mee dat fänkt et schonn u wierklech Béiswëllegkeet ze ginn."

An de sozialen Netzwierker géifen dacks och nach Kommentare geschriwwe ginn, an dat wier "ëmsou méi schlëmm", seet de Charles Schaack, an dat wier och méi wéi eemol geschitt.

Vill Jonker halen op

Deem Drock wéilte vill Jonker sech net aussetzen, si géifen d'Päif dofir dacks schonn no e puer Wochen oder Méint nees un den Nol hänken, sou de Charles Schaack. 70 Prozent vun de jonke Fussball-Arbitteren, déi bei der FLF duerch déi initial Formatioune ginn, géifen d'Bengelen no e puer Wochen oder Méint schonn nees bei d'Tromm geheien.

Vill jonk Arbitter hätte wéineg bis keng Erfarung, seet de Charles Schaack:

"Déi jonk Schidsriichter, déi dohinner kommen, hu jo guer keng Erfarung mam Arbitrage, et ass Neiland, oder ganz wéineg hu vläicht emol eng Kéier an hirem Veräin d'Päif geholl, wa keen do war. An da kréie si leider Gottes an eiser haiteger Gesellschaft ronderëm de Fussballterrain net méi d'Zäit fir kënnen hiert Handwierk ze léieren, fir vun ënnen erop sech alles dat unzëeegnen, wat ee muss hunn."

Keng Chance fir Erfarung ze sammelen

Et wier nach kee Meeschter vum Himmel gefall, a jiddweree géif iwwer dem Päife léieren, seet de Charles Schaack. Eis Gesellschaft wier awer esou opgebaut, "datt direkt vu jiddwerengem de perfekte Schidsriichter erwaart gëtt", souguer bei Jugendmatcher. "An do gëtt ebe schonn deen Drock op eis jonk Leit ausgeüübt, deem si an deem Alter nach net gewuess sinn."

Bei Jugendmatcher géifen d'Eltere sech dacks de Batti Stellen, stellt de Charles Schaack vun der FLF fest:

"Déi verzeien näischt, déi gesi just hiert Kand, déi gesi a bal all Spiller e Cristiano Ronaldo oder esou änlech. An déi üben natierlech deen Drock aus, deem d'Schidsriichter net gewuess sinn. Den Drock ass virun allem verbal, Gott sei Dank nëmme verbal. Mee och verbalen Drock ass grad wéi Mobbing, deen een op Dauer net kann aushalen. A scho guer net an deem jonken Alter."

Haart géint Verstéiss virgoen

Physesch Gewalt géint Schidsriichter hätt dogéint ofgeholl. Et wier zwar net guer näischt geschitt, an et misst een nach ëmmer op där Schinn bleiwen, datt ee ganz haart géint Verstéiss virgeet.

"Ech mengen, dat huet sech awer ewell e bëssen erëmgeschwat, datt an deene leschte schlëmme Fäll, déi mer haten, déi Spiller déi do involvéiert ware liewenslänglech gespaart goufe fir Fussball ze spille bei eis. [...] Mir haten elo eng Kéier ee Coup de boule, wat jo ëmmer mol eng Kéier virkënnt, mee wat net dierf virkommen, an och do war d'Strof ganz héich. An ech mengen, dat huet sech erëmgeschwat."

D'FLF huet am Moment 255 Arbitteren. Fir optimal funktionéieren ze kënnen, missten et der gutt 100 méi sinn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Romain Schumacher
Fussball

Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdeem kritiséiert den President vum F91 d'Fussballfederatioun. "Mir si Joren hannendran".

Alisa Kovalenko Luxfilmfest
LUXFILMFEST

"Home Games" erzielt d'Geschicht vun engem jonke Meedchen, dem säi Wonsch et ass an d'Fraefussballnationalequipe vun der Ukrain ze kommen. Am 100,7-Interview schwätzt d'Realisatrice iwwer dës Begéinung

Kanner spille Fusball 2
Prisma

Iwwer d'Faszinatioun vum Massesport Fussball gëtt et an alle Sozialwëssenschaften déi ënnerschiddlechst Theorien. Wéi kann ee sech deen enorme Stellewäert vum Fussball an eiser Gesellschaft philosophesch erklären?

Fussball Fans
Réckbléck 2018

D'Nationalequipe an der Nations League, den F91 an der Europa League: De Lëtzebuerger Fussball huet en aussergewéinlechen Hierscht erlieft. De Maurice Molitor mat engem Fussball-Réckbléck.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen