50 Wunnunitéiten zu Leideleng wéinst sektorielle Pläng net genehmegt
Wéinst de sektorielle Pläng wëll d’Buergermeeschtesch vu Leideleng, d’Diane Bisenius-Feipel, d’Genehmegung vir ee Bauprojet vu 50 Wunnunitéiten net ënnerschreiwen. De Gemengerot hat am Abrëll gréng Luucht ginn. Den Inneministère hat de PAP och approuvéiert, allerdéngs eréischt am Juli, dat heescht nom Depôt vun de sektorielle Pläng. Wëll dee PAP awer net konform ass zu de neie Bestëmmungen, kéint d’Buergermeeschtesch déi Autorisatioun net erausginn, esou d’Diane Bisenius am 100,7 Interview.
D’Verwaltungsgeriicht huet ee Mëttwoch an enger Ordonnance de référé iwwerdeems eng Baugenehmegung zu Manternach suspendéiert. Dës Jurisprudenz ass wichteg wëll déi sektoriell Pläng an d’Bestëmmungen aus dem Landesplanungsgesetz riskéieren d’Baugenehmegungen am ganze Land ze blockéiere sot d’Affekotin Anne-Laure Jabin um Radio 100,7.
De Reportage vum Carole Schimmer: